2. Däitsch Basket-BundesligaGladiators Tréier wannen, staark Leeschtung vum Thomas Grün

Am Basket hunn d'Gladiators Tréier hire 4. Match hannertenee gewonnen.

An dobäi huet de Lëtzebuerger Thomas Grün eng ganz staark Leeschtung bruecht. Tréier huet Köln mat 59 op 54 geklappt an den Thomas Grün huet 10 Punkte gemaach. D’Gladiators sinn elo um beschte Wee, an der 2. Bundesliga an d'Play-Offs ze kommen.