BasketballSteesel wënnt géint d'Pikes, Etzella verléiert géint Konter

D'Amicale Steesel setze sech mat 83 op 75 bei de Musel Pikes duerch. Bei den Damme wanne Konter an d'Amicale.

Basket Total League Hären Play-off

Musel Pikes - Amicale 75-83

523 Payanten hunn op der Musel e gudden Ufank vu béiden Equippe gesinn. Géint eng gutt organiséiert Steeseler Defense hunn d'Pikes am 2. Véierel awer de Fuedem verluer, an d'Gäscht louchen an der Paus verdéngt 44 – 30 vir.

De Frank Baum wollt 14 Deeg virun der Coupe Finale kee Risiko kee agoen, an huet de Clancy Rugg net bruecht. Dat war natierlech e groussen Handicap.

Wéi Steesel kuerz no der Paus op 54 – 34 fortgezunn ass, du war fir déi meescht Leit eng Virentscheedung gefall. Mee d'Pikes ginn ni op, an 3 Minutte virum Enn ware si bei 71 – 75 erëm do.

Da sinn et och e puer Zeene ginn, op an nieft dem Terrain, déi wëll een net onbedéngt op engem Spëtzematch gesinn. Och wann een 20 Punkten hannen ass, gehéiert dat sech net, sou de Samy Picard.

Etzella - Konter 89-98

Spannend a serréiert war et och bei der Partie Ettelbréck géint Konter. 3 Minutte viru Schluss stoung et 86 – 89. Bei Konter hu Gengler a Morgan d'Iwwersiicht behalen a mat engem 7 – 0 wichteg Punkte mat heem geholl.

E Sonnden den Owend um 17.45 Auer spillt nach d'Sparta géint Diddeleng.

Basket Résumé / Reportage: Guy Seyler



Basket Total League Hären Play-down


Hedgehogs Bascharage - Racing 63-74

Kordall Steelers - Arantia Fiels 83 - 88

© Maya a Robert Straus


Basket Total League Dammen Play-off

Etzella - Contern 52-78

Musel Pikes - Amicale 50-81

FOTOGALERIE: Dammebasket: Etzella - Konter 52:78

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.