BasketDéi zwou stäerksten Equippen an der Coupefinale géinteneen

Steesel konnt sech um Weekend géint d'Musel Pikes duerchsetzen. An zwou Woche sti sech béid Equippen an der Coupe-Finale nees géintiwwer.

E Samschdeg hunn am nationalen Härebasket déi aktuell zwou beschten Equippe vum Championnat géintenee gespillt. Um Enn konnt sech d'Amicale Steesel mat 83 op 75 bei de Musel Pikes duerchsetzen. Béid Equippe spillen jo och a knapp zwou Wochen an der Coupe-Finale géinteneen an dat versprécht zimlech vill.

Steesel géint Pikes / Reportage Jeff Kettenmeyer



Et sinn den Ament déi zwou bescht Equippen, déi ganz flotten a virun allem offensive Basket spillen. Och wann am direkten Duell e Samschdeg spilleresch nach Loft no uewen war, hu béid Equippe phaseweis e Virgeschmaach ginn, op wat ee sech dierf an der Coupe Finale den 11. Mäerz freeën.

No der Victoire vun der Amicale huet den Trainer Ken Diederich awer net onbedéngt ee Virdeel fir d'Finale gesinn. Do spillt een op engem neutralen Terrain an am Basket ass all Dag aneschters. D'Spiller spillen anescht wéi elo de Weekend an dowéinst wäert et en enken a serréierte Match ginn. Ma hoffentlech ass et an de Coupe awer méi fair, wéi dat elo de Fall war.

De Miseler Laurent Schwartz huet no der Néierlag souguer éischter positiv a Richtung Coupe Finale géint Steesel gekuckt. Et hëlt een d'Néierlag mat, ma kann et vu Virdeel sinn, wa Steesel mengt, et géif een einfach géint d'Pikes gewannen. D'Coupe ass do awer eng aner Saach. Et spillt ee viru ville Leit an et hänkt och do vun der Dagesform of, do huet d'Saison net vill ze soen.

Virun der Coupe-Finale steet awer als éischt mol nach de nächste Weekend en duebele Spilldag am Playoff um Programme. Fir de Steeseler Coach Ken Diederich ass dëst net onbedéngt glécklech. Grad fir d'Coupefinalisten ass dëst net optimal, esou een duebele Spilldag virun der Coupefinale. Do ass d'Verletzungsgefor grouss, grad well d'Amerikaner do wuel iwwer 70 Minutte spille mussen.

Samschdes den 11. Mäerz ass als éischt 17.30 Auer d'Dammefinale tëscht Steesel an Esch, an dann ass et um 20.15 Auer d'Häre Partie tëscht Steesel an de Musel Pikes.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.