HärebasketEric Anderson ersetzt Nelly Stephens beim T71 Diddeleng

Am nationale Basket ass et den Ament keng ideal Situatioun fir den T71 Diddeleng, ma deen huet elo reagéiert.

Am Playoff muss d'Equipe aus der Forge du Sud jo op onbestëmmten Zäit op hiren US-Amerikaner Nelly Stephens verzichten.

De laangjäregen Auslänner vun Diddeleng ass e Sonndeg op der Sparta ëmgeknéckt an huet schonns zanter méi Laangem Problemer mat engem Fanger un der Hand.

FOTOGALERIE: Sparta - T71 (102:89) vum 26. Februar 2017 vum Maya a Robert Straus.

Hien gëtt den nächste Weekend um duebele Spilldag vum Eric Anderson ersat, dee keen onbekannten zu Diddeleng ass.

Den Anderson huet elo mol e Kontrakt beim T71 bis Mëtt Abrëll a spillt den nächste Weekend scho géint d'Pikes a géint Steesel.

Härebasket: Resultater an Tabell.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.