BasketWichteg Punkte fir den T71 a Réckschlag fir d'Etzella

Dëse Weekend ass an der Total League en duebele Spilldag.

E Freideg den Owend gouf et um 4. Spilldag am Titelgrupp Victoirë fir Steesel, Konter an Diddeleng.

4. Spilldag vum Play Off: Resumé vum Guy Seyler



Steesel - Etzella 90:73

Steesel bleift och an der 14. Partie noeneen ongeschloen. No der éischter Hallschent loung d'Lokalformatioun mat 44: 36 a Féierung. Der Etzella ass et am drëtte Véierel gelongen de Réckstand ëm 3 Punkten ze verkierzen, ma Steesel huet si net erukomme gelooss. Déi lescht 10 Minutten huet den Tabelleleader kloer mat 22:11 fir sech entscheet. Sou dass si dës Partie mat 90:73 gewannen. Fir d'Etzella ass et e weidere Réckschlag en vue et an de Final Four ze packen.

Konter - Sparta 103:79
D'Gäscht vu Bartreng ware besser an de Match komm a konnten den éischte Véierel mat 22:16 fir sech entscheeden. An den zweeten 10 Minutten hunn si dunn awer komplett d'Schlappe verluer. Konter konnt sech mat engem 32:9 e confortabele Virsprong bis d'Paus erausspillen. An der zweeter Hallschent huet Konter do weider gemaach, wou se an der éischter opgehalen hunn. De Bartrenger ass et net gelongen d'Partie nach eng Kéier spannend ze maachen. Konter wënnt dës Partie souverän mat 103:79.     
 
T71 Diddeleng - Musel Pikes 73:61
No 2 Defaiten huet den T71 Diddeleng sech um Freideg nees vun enger anerer Säit gewisen. Géint den zweeten an der Tabell d'Musel Pikes hunn si eng staark Leeschtung gewisen an d'Partie verdéngt mat 73:61 gewonnen. Duerch dës Victoire hunn si natierlech och de Réckstand op d'Pikes an der Tabell verkierzt. Beschte Mann um Terrain war fir Diddeleng de Cory Johnson, dee mat sengen 29 Punkten e groussen Deel zur Victoire bäigedroen huet. Den Eric Anderson, deen den Nelly Stephens ersetzt, huet 10 Punkte markéiert.       

Play-down:

Racing - Basket Esch 57:72

Bei den Damme goufen um Freideg och alleguer d'Partië vum 4. Spilldag am Play-off gespillt:

Steesel konnt sech ouni Problemer géint d'Etzella duerchsetzen a bleift domadder un der Tabellespëtzt. Konter konnt sech géint de Basket Esch behaapten an huet de Réckstand op den Zweeten am Championnat Esch op 0,5 Punkte verkierzt. Keng Iwwerraschung gouf et tëscht Walfer an de Musel Pikes. D'Gäscht wannen d'Partie souverän a bleiwen an der Tabell un den 3 éischten Equippen drun.

Steesel - Etzella 82:54
Konter - Basket Esch 77:61
Walfer - Musel Pikes 54:76





Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.