Total League am BasketD'Etzella kann déi éischte Victoire am Titelgrupp feieren

Am Playoff bei den Hären an der Total League, klappt d'Etzella d'Sparta vu Bartreng mat 93 op 88 a feiert seng éischte Victoire. Steesel wënnt de Klassiker

De Nelson Delgado Effekt schéngt gehollef ze hunn. Nodeems Ettelbréck déi lescht dräi Matcher ouni hire Kapitän verluer huet, konnte si lo endlech hier éischte Victoire feieren. Duerch eng ganz staark Equipeleeschtung, wou net manner ewéi 5 Spiller konnten zweestelleg markéieren, konnten déi Ettelbrécker dëse Match fir sech decidéieren.

Am Klassiker tëscht der Amicale Steesel an dem T71 Diddeleng konnt sech an der éischter Halschent vum Match kee richteg ofsetzen. No 20 Minutte louch den Tabelleleader vu Steesel nämlech just mat 46 op 41 a Féierung. No der Paus sinn déi Steeseler awer mat richteg Energie aus dem Vestiaire komm an hu sech direkt eng 73 op 54 Féierung erausgespillt. Obwuel den T71 nach eng Kéier konnt op sechs Punkte verkierzen, sollt et um Enn net duergoen. Steesel setzt sech mat 92 op 81 géint Diddeleng duerch. 

FOTOGALERIE: Härebasket: Musel Pikes - Konter
Een u Spannung net ze iwwertrëffende Match gouf et op der Musel. D'Visiteure vu Konter, déi momentan ganz  staark spillen hu sech de ganze Match iwwer net ofhänke gelooss. Ugedriwwe vum Jesse Morgan, dee net manner ewéi 41 Punkte konnt markéieren, hu si de Musel Pikes richteg Problemer gemaach. Nodeems et no 40 Minutte kee Vainqueur gouf, huet d'Partie missen an d'Verlängerung goen. Hei huet Konter d'Nerven behal a no engem wichtegen "Dräier" vum Alain Gengler war sou gutt ewéi kloer, dass si als Vainqueur vum Terrain géife goen. Do hatt de Laurent Schwartz awer een aner Plang. Nodeems d'Miseler nämlech op zwee Punkte konnte verkierzen, huet de Schwartz ee Lay-up mat Feeler erageschoss an op 97:97 ausgeglach. Op der Auer war dee Moment nach eng Sekonn an et war kloer, dass wann de Miseler déi Faute géif eraschéissen, seng Equipe de Match géif wannen. De Schwartz huet keng Nerve gewisen an erageschoss. D'Musel Pikes wannen also ee spannende Match mat 98 op 97.

Rebound (05.03.2017)
De Basket Magazin vun der Télé, mat Analyse vun de Matcher, Youth Corner, Portaiten a Reportagen


Tabell am Titelgrupp an der Iwwersiicht:

Tabell vum Playoff bei den Hären

FOTOGALERIE: Dammebasket: Etzella - Basket Esch

FOTOGALERIE: Dammebasket: Musel Pikes-Konter

Am Titelgrupp vun den Damme wannen d'Musel Pikes mat 64 op 49 géint Konter. D'Etzella muss sech mat 44 op 61 géint Esch geschloe ginn. Walfer verléiert Doheem mat 45 op 74 géint Steesel.

Am Playdown klappt den T71 Diddeleng, de  Grengewald mat 54 op 32. Hesper verléiert mat 58 op 67 géint d'Sparta.


Am Playdown bei den Hären waren um Samschdeg dräi Partien. D'Fiels wënnt Doheem een haart emkämpfte Match mat 94 op 85 géint  BC Mess, Walfer klappt Käerjeng kloer mat 88 op 61 a Kodall Steelers feieren eng ganz wichteg Victoire beim US Hiefenech (91:85). No dëse Matcher bleift et weider spannend am Op- an Ofstigskampf.
No der véierter Victoire am véierte Match bleift d'Fiels am Kampf géint den Ofstig nämlech un Esch a Walfer drun, während d'Kordall Steelers am Opstigskampf lo just nach een hallwe Punkt Retard op Hiefenech huet, déi op der zweeter Opstigsplaz leien.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.