Radio Sport-Club vum 10. MäerzKen Diederich a Frank Baum mat fairem Duell virun der Finale

E Samschdeg ass an der Arena vun der Coque d'Finale vun der Coupe de Luxembourg am Basket.

Radio - Sport Club: Ken Diederich a Frank Baum (10.03.2017)
Sport total mat eisem sportlechen Invité vun der Woch.
Radio Sport-Club mam Ken Diederich a Frank Baum



Steesel géint d'Musel Pikes heescht e Samschdeg den Owend um 20.15 Auer den éischte grousse nationale Rendez-vous am Härebasket mat der Finale vun der Coupe de Luxembourg. An der Arena vun der Coque ass et och den Duell tëscht dem 1. an dem 2. am Championnat. E Freideg de Mëtteg war et am Radio Sport Club, souzesoe schonn de Match virum Match mat deenen zwee Trainer.

De Frank Baum vun den Musel Pikes an de Ken Diederich vun der Amicale si ganz fair mateneen ëm gaangen. Et kennt an respektéiert een sech eben.

An de leschten Deeg waren an der Preparatioun verschidde Facteuren fir de Miseler Trainer wichteg. Dozou zielt d'Victoire de leschte Weekend an dass ee Spaass awer déi néideg Seriositéit dës Woch um Training hat. 

Et weess een, datt de President vun der Amicale Frank Fischer exigent ass. De Steeseler Trainer Ken Diederich kann domat ëmgoen.

Fir all Equipe ass d'Participatioun an der Finale vun der Coupe de Luxembourg an der Arena vun der Coque natierlech eppes Besonnesches, sou de Frank Baum.

Wann een déi zwou Supportergruppe kennt, da weess een, datt wuel nees eng richteg flott Ambiance an der Coque wäert sinn. D'Fro ass da just ob no deene 40 Minutte Steesel déi 6. Coupe oder d'Pikes déi zweet an der Veräinsgeschicht kënne feieren.

Resumé Radio Sport-Club / Reportage Franky Hippert



Radio-Sport-Club: all freides vun 13h30 bis 14h op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu. Duerno am Replay op RTL.lu (Video an Audio).



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.