Dammebasket - Coupe FinaleD'Amicale Steesel wënnt géint de Basket Esch

An der Coupe Finale bei den Dammen konnt sech Steesel mat 79:46 géint de Basket Esch duerchsetzen.

Steesel war an der éischter Halschent fréi a Féierung gaang a loung an der Paus schonn mat 35:23 a Féierung.

Och nom Säitewiessel sollt sech net méi vill um Verlaf vum Match änneren. Steesel war einfach déi besser Equipe, souwuel offensiv wéi och defensiv an huet sech de Match net méi huelen gelooss.

Um Enn behaapt sech d'Amicale Steesel ouni Problem mat 79:46 géint de Basket Esch.