Härebasket - Coupe FinaleAmicale Steesel feiert 6. Coupe Titel

Steesel konnt sech an enger spannender an intensiver Partie mat 74:68 géint Musel Pikes behaapten an wënnt domat de 6. Coupe Titel an der Veräinsgeschicht.

D'Musel Pikes haten de besseren Depart erwëscht an sech schnell mat 10:3 ofgesat. Steesel huet sech richteg schwéier gedoen a kaum einfach Punkte fonnt. Nom 1. Véierel stoung et 17:9 fir d'Pikes.

Och am 2. Véierel konnten d'Musel Pikes de Virspronk weider ausbauen a louchen tëschenzäitlech mat 10 Punkten a Féierung. Steesel huet am zweete Véierel awer lues a lues ëmmer besser an Spill fonnt a konnt duerch eng aggressiv Defense den Ecart ëmmer méi verkierzen. An der Paus louchen d'Musel Pikes nëmmen nach ganz knapp mat 33:32 a Féierung.



Eng ganz intensiv an ausgeglachen Partie an der zweeter Halschent. Béid Equippen hunn sech näischt geschenkt. Keng vun béiden Equippen konnt sech am 3. Véirel  richteg ofsetzen. Nom 3 Véirel stoung et 52:49 fir d'Musel Pikes.

FOTOGALERIE: Coupe Finale am Härebasket op pressphoto.rtl.lu

Interview mam Eric Jeitz



Am leschte Véirel huet Steesel e beemol wéi ausgewiesselt gespillt. D'Amicale konnt direkt mat engem 9:0-Laf de Match dréinen a mat 6 Punkten a Féierung goen. D'Musel Pikes hunn awer séier reagéiert a sinn dru bliwwen. Steesel war am leschte Véierel awer einfach ze vill ofgekläert an huet sech de Match net méi huele gelooss. Um Enn setzt sech Steesel mat 74:68 géint d'Musel Pikes duerch.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.