BasketDe Racing bleift souverän, Esch wënnt däitlech

Am Playdown am Härebasket huet Käerjeng 79-92 géint d'Kordall Steelers verluer. Esch hat géint de BC Mess keng Problemer.

Déi Escher wanne kloer mat 76-48 géint de BC Mess.
Walfer huet géint Hiefenech um Enn de Match nach bësse spannend gemaach, ma déi Hiefenecher verléieren um Enn awer mat 87-92 zu Walfer.

Iwwerdeems huet de Stater Racing nach ëmmer e Laf a si wannen däitlech mat 80-63 an der Fiels.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.