BasketAktuell Dominanz vun der Amicale Steesel

D'Amicale Steesel ass den Ament den Non Plus Ultra am Lëtzebuerger Basket.

De Weekend konnt sech de Veräin d'Coupe bei den Dammen a bei den Hären sécheren. Dat gouf et bis ewell nach ni an der Geschicht vun der Amicale.

Dominanz vun Amicale Steesel / Reportage Jeff Kettenmeyer

Nom Häre Match an der Victoire géint d'Musel Pikes ass also e Samschdeg och déi zweet Coupe vum Dag op Steesel gaangen. Zanter 1946 gëtt et de Veräin an eng Coupe de Luxembourg bei den Dammen an Hären huet ee bis ewell nach ni zu Steesel gesinn, seet de President Frank Fischer, deen houfreg ass bei engem Veräin President ze sinn, wou een zwou Equippen huet, déi esou zesumme spillen an zesummen halen.

Bei den Dammen war et eng kloer Saach fir d'Equipe vum Trainer Rene Kaiser. Säin Trainerkolleg op der Häre Bänk, de Ken Diederich, huet allerdéngs e bëssen méi laang op Decisioun zu Gonschte vu senger Formatioun misse waarden. Um Enn konnt de Steeseler Coach virun allem dem Samy Picard fir eng onwahrscheinlech staark zweet Halschent Merci soen.

Déi éischt 20 Minutten hat de Motor vun der Amicale zolidd Problemer. An der Paus huet sech dunn awer virun allem beim Samy Picard villes geännert, sou de Steeseler. Well d'Attack an der éischter Hallschent net gerullt ass, huet hei geduecht, datt hien an der zweeter Hallschent d'Responsabilitéit misst iwwerhuelen.

Ob déi Steeseler Dominanz och am Championnat viru geet, wäert sech an de nächste Woche weisen. Op alle Fall lauert souwuel bei den Dammen, wéi bei den Hären, d'Konkurrenz hannendrun.

FOTOGALERIE: Andréck vun der Damme-Coupe-Finale

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.