BasketEtzella trennt sech vum Trainer Jan Enjebo um Enn vu Saison

Wéi de BBC Etzella matdeelt, ginn de Club a säin Trainer Jan Enjebo um Enn vun der Saison getrennte Weeër.

De Schwed war no 5 Joer beim T71 Diddeleng 2013 zréck op Ettelbréck gewiesselt. Do wou hie schonn 2005 eng Saison op der Trainerbänk souz.

2015 an 2016 hat hien d’Etzella all kéiers bis an d’Halleffinale gefouert. Do war awer géint Diddeleng, respektiv Steesel ëmmer Schluss. 

Dëst Joer wëllt hien dat Ziel och nach erreechen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.