Total League am BasketVictoirë fir d'Etzella, d'Amicale an d'Sparta

D'Etzella iwwerrennt den T71 mat 91:66. D'Amicale huet keng Problemer géint Contern an d'Sparta wënnt knapp géint d'Musel Pikes.

Um Samschdeg goufen et folgend Resultater am Titelgrupp bei den Hären:

Musel Pikes - Sparta 86:92

Ee knappe Match konnt ee sech erwaarden zu Stadbriedemes. Am éischte Véierel konnt d'Sparta sech beim Stand vun 11:13 op 11:24 ofsetzen. Um Enn vum Véierel stoung et 18:28 aus Siicht vun de Musel Pikes. Bei der Sparta hu mer ee ganz staarke Reese gesinn, dee 26 Punkten an der éischter Hallschent schéisse konnt. Ma d'Musel Pikes hunn am zweete Véierel ee Stéck vun hirem Réckstand opgeholl, sou dass et an der Paus 47:54 stoung.

Och an der zweeter Hallschent ass et spannend bliwwe, well béid Formatiounen gläich staark opgetruede sinn. Am drëtte Véierel konnt d'Sparta ee Punkt méi markéieren ewéi d'Pikes.

Am leschte Véierel hunn d'Pikes nach eng Kéier alles probéiert a se si souguer bis op 3 Punkte erukomm, ma et ass um Enn net méi duergaangen. D'Pikes verléiere mat 86 zu 92.

T71 Diddeleng - Etzella Ettelbréck 66:91

D'Etzella huet de Match besser ugefaangen a konnt sech am éischte Véierel schonn eng gutt Avance vu ganzer 13 Punkten erausspillen. Virun allem den Derrick Barden JR, ee vun den Ettelbrécker Amerikaner, konnt 17 Punkte schéissen, mee och de jonke Philippe Gutenkauf huet ee gudden éischte Véierel gespillt mat 6 Punkten. Nom éischte Véierel stoung et 20 zu 33 fir d'Etzella.

Am zweete Véierel ass et du ganz batter gi fir den T71, well si konnten am kompletten zweete Véierel nëmme 6 Punkte markéieren. Defensiv ewéi offensiv ganz staark Virstellung vun engem staarke Kollektiv op Säite vun der Ettelbréck. De Philippe Gutenkauf war am zweete Véierel wuel de beschte Mann bei der Etzella mat 9 Punkten un der Zuel. De jonken Ettelbrécker ass vill a schnell ënnert de Kuerf gaangen an huet sou vill Fauten erzwongen.

No der Paus ass den T71 dunn endlech besser ginn. Se konnten d'Etzella besser verteidegen an hunn och an der Offensiv elo besser getraff, sou dass se den drëtte Véierel mat 24:18 fir sech entscheede konnten.

D'Etzella huet dës Pauseféierung och bis zum Schluss net méi hir ginn. Och wann se bësse vun hirem Virsprong an der zweeter Hallschent verluer hunn, ass et awer nach gutt duer gaange fir sech mat 91 op 66 zu Diddeleng duerchzesetzen. Um Enn stinn op Ettelbrécker Säit de Barden mat 30 Punkten an 10 Rebounds, sou wéi de Philippe Gutenkauf, dee no enger gudder Performance op 25 Punkten an 3 Assists kënnt.

De jonke Philippe Gutenkauf konnt um Samschdeg géint den T71 iwwerzeegen© pressphoto

Amicale Steesel - Contern 95:74

D'Amicale Steesel huet nom Gewënn vun der Coupe och am Titelgrupp net wëlles eppes ubrennen ze loossen, dofir sinn déi Steeseler vun Ufank u konzentréiert opgetrueden. An der Halbzeit stoung et 53:32 fir de Coupegewënner. Dëst well déi zwee Amerikaner 20 an 21 Punkten schéisse konnten. Den éischte Véierel konnt Steesel 27:15 an den zweete Véierel 26:17 fir sech entscheeden.

Och no der Paus huet d'Amicale net vill ubrenne gelooss. D'Amerikaner Mc Daniel a Coleman waren de ganze Match iwwer dominant. Do dierft et d'Amicale, sou wéi d'Fans ëm sou méi freeën, dass déi zwee Amerikaner genau ewéi den Trainer Ken Diederich fir déi nächst Saison ënnerschriwwen hunn.

Steesel gewënnt doheem mat 95 op 74 géint Contern an ënnersträicht déi gutt Form, sou wéi hir Titelambitiounen.

Am Play Down bei den Häre sinn et folgend Resultater:

BC Mess - Hedgehogs Bascharage 61:83

Kordall Steelers - Basket Esch 97:102

Racing - Résidence 78:76

Hiefnech - Arantia Fiels 92:80

Bei den Damme gouf och gespillt. Do sinn d'Resultater déi folgend:

Musel Pikes - Basket Esch 89:68

Amicale Steesel - Contern 72 - 39

Résidence - Etzella 59 - 86

Tabellen a Resultater am Iwwerbléck

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.