DammebasketD'Anouk Wagener, d'Kapitänin vum T71, spillt leschte Match

Um Sonndeg spillt d'Anouk Wagener hire leschte Basketsmatch. D'Kapitänin vum T71 Diddeleng hänkt duerno hir Schung un de Nol.

Mat hire 27 Joer kënnt d'Diddelenger Spillerinn an Duechter vum T71 President op 300 Matcher. Mat hirem Veräin, deem si ëmmer trei bliwwen ass, huet d'Anouk Wagener eemol de Championstitel an zweemol d'Coupe gewonnen.

Ausserdeem konnt d'Anouk Wagener mat der Nationalequipe d'Goldmedaile bei de Spiller vun de klenge Länner gewannen.

Hir Schwëster, d'Rachaël Wagener, hat d'lescht Saison mam Basket opgehalen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.