Internationale Basket Thomas Grün wënnt mat Tréier

An de Playoffs vun der 2. Däitscher Bundesliga wannen d'Gladiators Tréier um Sonndeg mat 64 op 48 géint Chemnitz.

No enger Defaite an der éischter Partie kann d'Equipe vum Thomas Grün d'Serie an de Playoffs ausgläichen. Den Thomas Grün huet um Sonndeg eng ganz gutt Leeschtung gewisen. De Lëtzebuerger stoung 20 Minutten um Parquet an huet 7 Punkte markéiert.

E Mëttwoch geet et fir Tréier nees op Chemnitz.

D'Playoffs an der 2. Däitscher Bundesliga ginn am "Best of five-Modus" gespillt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.