NBADe Russell Westbrook brécht ee 56 Joer ale Rekord

Historesch Nuecht fir de Russell Westbrook. De Spiller vun Oklahoma huet ee vun den eelste Rekorder an der NBA gebrach.

© afp
An der Nuecht vun e Sonnden op e Méinden ass ee 56 Joer ale Rekord an der NBA gebrach ginn. Am Match tëscht dem Oklahoma City Thunder an den Denver Nuggets huet de Russell Westbrook erëm eng Kéier seng Qualitéiten ënner Beweis gestallt.

Mat 50 Punkten, 16 Rebounds an 10 Assists huet hien de Grondstee geluecht fir d’Victoire vu senger Equipe. Dozou kënnt, dass hie mat engem sougenannte Buzzer Beater d’Partie fir seng Equipe entscheet huet. Duerch den Dräier a leschter Sekonn wënnt Oklahoma mat 106 op 105 an eliminéiert d’Denver Nuggets aus der Course fir d’Playoffs.

An dëser Partie konnt hie säin 42. Triple Double realiséieren a brécht domat een 56 Joer ale Rekord. Den Oscar Robertson konnt an der Saison 1961-1962, 41 Triple Doubles verzeechnen.




Den Oscar Robertson huet dat Joer och am Duerchschnëtt konnten een Triple Double realiséieren. Iwwer déi ganz Saison 1961-1962 hat hien ee Schnëtt vun 30,8 Punkten, 12,5 Rebounds an 11,4 Assists pro Match. 




Den 28 Joer ale Westbrook steet duerchschnëttlech an dëser Saison bei 31,9 Punkten, 10,7 Rebounds an 10,4 Assists. Bei nëmme méi zwee Matcher déi iwwereg bleiwen dës Saison, ass et och scho sécher, dass de Spiller vun Oklahoma am Duerchschnëtt een Triple Double wäert realiséiere kënnen. Domat ass de Westbrook och ee vun de grousse Favoritten op den Titel vum MVP, dem wäertvollste Spiller vun der Saison.




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.