Amicale SteeselDammentrainer René Keiser hält no der Saison op

Wéi d'Amicale Steesel an engem Communiqué matdeelt, wäert de Jérôme Altmann de Posten op der Trainerbänk bei den Dammen iwwerhuelen.

© Maya a Robert Straus / RTL
Vun der neier Saison huet huet d'Amicale Steesel mam Jérôme Altmann en neien Dammentrainer. Hien ersetzt de René Keiser, deen no zwee Championstitelen an engem Coupegewënn, esouguer mam méiglechen Doublé dës Saison, seng Pensioun am Basket hëlt.

De Communiqué vun der Amicale Steesel:

Leif Amicalisten,

No dëser Saison hänkt den Steeseler Damencoach René Keiser säin coaching board no villen Joren actiever Presenz un den Nol, an hellt seng wuel verdéngten Pensioun als Basket Coach.

Den René huet et fäerdeg bruecht mat senger Equipe 2 mol den Championstitel an elo eréischt virum kuerzem d’Coupe des Dames op Steesel ze bréngen.

Wei den Ren an der Saison 2014/2015 eng komplett néi Steeseler Damenéquipe missen zesummesetzen, ass et senger Equipe gelongen den Championstitel no 40 Joer zereck op Steesel ze brengen. Dëst hunn ons Damen dann och direkt di Saison drop 2015/2016 nees ënnert der Leedung vum René widderholl.

An och fir di lafend Saison  gesäit et ganz gutt aus fir dat den Ren mat sengen Meedercher een drëtten Championstitel en Serie mat op Steesel bréngt.

Mais och an aner Veräiner wei zu Walfer oder Contern huet den René bewisen datt hien wuel deen beschten Damentrainer an der Lëtzebuerger Basketswelt wor an ass.

Den René wär net den René wann hien ons net gehollef hätt fir den riichten Nofolger ze fannen an huet dëst Ziel dunn och erreecht mat der Verflichtung vum Jérôme Altmann.

Den Jérôme, huet  säin Talent als Trainer hei am Land ënnert anerem  bei der FLBB, den  Musel Pikes an Contern ënner Beweis gestallt.

Déi ganz Amicale’s Famill seet dem René villmools MERCI fir déi flott Zäit , an wënschen him alles Guddes an senger wuel verdéngter „Pensioun“, an hoffen hien nach weider als Supporter an onser Hal erëm ze gesinn.

Bis dohin stinn mer all hannert him an senger Equipe fir den Championstitel an den nächsten Wochen mat op Steesel ze bréngen an dat hien mat dem gréisst méiglechen Erfolleg, dem DOUBLE kann den Zepter un den Jerôme iwwerginn.

Dem Jérôme wënschen mir vill Erfolleg fir di folgend Saison mat senger neier Equipe zu Steesel.




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.