Basket Hären Play-offSteesel - T71 an Musel Pikes - Etzella am Final Four

Um leschte Spilldag am Play-off bei den Hären wënnt Steesel 108:81 géint den T71 Diddeleng an d'Musel Pikes wannen 82:75 géint Konter.

D'Etzella hat e Freideg iwwerraschend mat 82:86 de Kierzere géint d'Sparta gezunn an domat dem T71 Diddeleng respektiv de Musel Pikes Dier opgelooss fir eventuell nach déi 2. oder 3. Plaz an der Tabell ze erreechen an domat an der Halleffinale net op Steesel ze falen.

Amicale Steesel
- T71 Diddeleng 108:81 (27:14, 34:33, 28:21, 19:13)

Steesel hat schonn virum leschte Spilldag am Play-off déi éischte Plaz sécher. D'Amicale Steesel hat dann och direkt de besseren Depart erwëscht a konnt sech am éischte Véierel schonn mat 27:14 ofsetzen. Am zweete Véierel konnt Diddeleng den Ecart zäitweis verkierzen, mee Steesel wousst all Kéiers ze reagéieren. An der Paus louch Steesel mat 61:49 a Féierung.

Och nom Säitewiessel huet Steesel weiderhin den Toun uginn an den Ecart konstant ausgebaut. Diddeleng war souwuel offensiv wéi och defensiv ënnerleeën. Am leschte Véierel sollt sech dann och näischt méi um Verlaf vum Match änneren. Um Enn wënnt d'Amicale Steesel ganz kloer mat 108:81.

Konter - Musel Pikes 75:82 (16:21, 21:15, 19:22, 19:24)

D'Musel Pikes haten hir Plaz am Final Four virum leschte Spilldag schonn sécher, wollt awer onbedéngt nach déi 2. Plaz an der Tabell erreechen. Konter wollt et de Musel Pikes awer net ze einfach maachen. An der éischter Halschent eng ganz ausgeglachen Partie vu béiden Equippen. Nom éischte Véierel louchen d'Musel Pikes mat 21:16 a Féierung. Konter hat am zweete Véierel awer eng Reaktioun gewisen an souguer d'Féierung iwwerholl. An der Paus stoung et 37:36 fir Contern.

Och no der Paus konnt sech keng vu béiden Equippen e richtege Virdeel verschaffen. Nom 3. Véierel haten Pikes 2 Punkten Avance. Am leschte Véierel sollt et also nach eng Kéier ganz spannend ginn. Contern wollt de Pikes de Match net schenken an hunn hinnen duerch eng aggressiv Defense Liewe richteg schwéier gemaach. Zum Enn vum Match huet Konter dunn awer ëmmer méi nogelooss an d'Pikes konnte sech lues a lues ofsetzen. Dräi Minutte viru Schluss louche se mat 10 Punkten a Féierung an hu sech de Match duerno och net méi huele gelooss. D'Musel Pikes wanne verdéngt mat 82:75 an séchere sech domat déi 2. Plaz an der Tabell.

Am Final 4 trëfft d'Amicale Steesel soumat op den T71 Diddeleng an d'Musel Pikes spille géint d'Etzella. D'Confiance virun der éischter Halleffinale e Mëttwoch géint d'Amicale ass deemno net ganz grouss, mengt de Gilles Ruffato vum T71 Diddeleng.

Extrait Gilles Ruffato


An der zweeter Halleffinale kréien et d'Musel Pikes mat der Etzella Ettelbréck ze dinn. De Laurent Schwartz vun de Pikes weess, wat do op en duer kënnt an, dass de Wee an d'Finale alles anescht wéi einfach gëtt.

Extrait Laurent Schwartz

Am Play-down bei den Hären huet sech Bascharage mat 66:62 géint de Racing behaapt, Hiefenech zitt mat 70:73 de Kierzere géint de Basket Esch, Walfer iwwerrennt de BC Mess 103:70 an d'Fiels wënnt 94:90 géint Kordall Steelers.