2. Basketball BundesligaThomas Grün mat Tréier a Playoff-Véirelsfinale eliminéiert

E Méindeg den Owend hunn d'Gladiators Tréier mam Thomas Grün am decisive 5. Match mat 75:67 géint d'Niners vu Chemnitz verluer.

Mat 13 Punkte konnt de Nationalspiller Thomas Grün nees eng Kéier iwwerzeegen. Fir de Lëtzebuerger ass et déi éischte Saison als Profi. An an där konnt hien sech bei de Gladiators an d'Starting Five spillen.

No der Eliminatioun an der Véierelsfinale vum Playoff spillen d'Gladiators Tréier déi nächst Saison nees an der 2. däitscher Bundesliga. 

De 14. Abrëll war den Thomas Grün Invité am Radio Sport-Club:

Radio Sport-Club Thomas Grün



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.