Basket DammefinaleSteesel am Avantage, Pikes musse sech eppes afale loossen

E Samschdeg um 19 Auer ass déi 2. Finale vun den Dammen am Basket. No der Victoire am éischte Match kéint d'Amicale zu Stadbriedemes alles kloer maachen.

© Maya a Robert Straus / RTL

Am nationalen Dammebasket ass e Samschdeg déi zweet Finale tëscht de Musel Pikes an der Amicale Steesel. Genee wéi bei den Hären ass och hei d'Amicale an der gudder Ausgangspositioun. Mat enger Victoire géif den Titel nämlech nees op Steesel goen.

Basket Countdown Dammen / Reportage Jeff Kettenmeyer

D'Musel Pikes stinn also ënner Drock, d'Equipe ass awer erfuere genuch, fir domat eenz ze ginn. Am éischte Match haten déi Miseler et mat enger e bësse spezieller Defense probéiert, an et hat souguer deelweis geklappt, fir d'Victoire sollt et awer net duergoen, weess de Coach Jacques Sitz.

Et muss ee sech elo eng nei Afale loossen, mat der Defense hat ee se iwwerrascht, mä de Jacques Sitz ass sech net sécher, ob dat nach eng zweete Kéier klappt.

D'Amicale hat wéinst der staarker Defense op hir US-Amerikanerin Erica Morrow d'Chance ze weisen, datt och déi aner Spillerinnen eng ganz wichteg Roll kënne spillen. Dem Florence Welsch no hat ee sech och relativ séier dorop agestallt.

Am Virfeld wosst ee schonn, datt d'Pikes sech méi staark op d'Eric Morrow géife konzentréieren, dofir war ee mental schonn e bëssen drop virbereet.

D'Musel Pikes dierfe sech net op d'Spill vun der Amicale aloossen, dem Jacques Sitz no muss een aus dem eegene Ballbesetz genee dat maachen, wat engem selwer an d'Kaarte spillt.

Jiddereen huet gesinn, wa si de Ball e bëssen dréine gelooss hunn a preparéiert Schëss geholl hunn, datt d'Pikes dunn erukomm sinn. Wann een dogéint forcéiert huet, ass et net gaangen. Den éischte Match ass duerch vill Klengegkeeten entscheet ginn, d'Pikes hu vill Bäll ewechgehäit, déi ze geréiere waren. An esou eppes gëtt géint Steesel net verzien.

Florence Welsch ass virun der Saison vu Konter op Steesel gewiesselt, fir si wier et also den éischte Championstitel. Si hofft dann och, datt Steesel de Match gewënnt an en e bësse méi einfach gëtt, wéi den éischte Match vun der Finale.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.