BasketRacing klappt Conter - Dammen: Esch schléit Gréngewald

Esou wuel bei den Häre wéi bei den Damme war et um Freideg den 3. Spilldag. E Sonndeg geet et da scho mam 4. weider.

Am Basket war e Freideg den Owend de kompletten 3. Spilldag.

Resultater an Tabellen.

Walfer verléiert géint Steesel mat 101 op 107. De Basket Esch iwwerleeft Hiefenech 86:58. D'Musel Pikes behaapte sech 84:72 géint d'Sparta. Den T71 Diddeleng verléiert doheem 77:87 géint d'Etzella. De Racing setzt sech knapp 81:80 géint Conter duerch.

Basket: 3. Spilldag - Rep. Guy Seyler



Walfer huet sech géint den Noper vu Steesel laang gutt gewiert. 4 Minutte virum Enn stoung et nach 93-93 gläich. Du huet d'Routine vum Champion den Ausschlag ginn.

Zu Esch war Hiefenech schonn nom 1. Véierel 17 op 31 hannen an eng 2. Iwwerraschung vum Opsteiger war fréi ausgeschloss.

Den T71 hat den Ufank verschlof a war direkt 18:34 hannen. An der Paus ware si bei 44:47 erëm drun. Mä d'Etzella an de Philippe Gutenkauf hu sech déi 2 Punkten net méi huele gelooss.

Basketball - de ganze Match: Partie Racing-Conter (06.10.2017)
Eng ganz spannend a serréiert Partie bis zum Schluss hunn d'Leit um Racing gesinn. Mat 81:80 gewënnt de Racing schlisslech géint Conter.


Eng ganz spannend a serréiert Partie bis zum Schluss hunn d'Leit um Racing gesinn. 17 Sekonnen virum Enn waren d'Gäscht 80:78 vir, du huet de Scott Morten mat engem 3er de Racing un der Tabellespëtzt gehal. De Gaëtan Berniomont weess, datt an esou Situatiounen Verlooss op den Amerikaner ass ...

Op der Musel hunn d'Pikes laang geziddert. D'Sparta ass eréischt an de leschte 6 Minutten agebrach.

Bei den Damme gewënnt de Basket Esch géint de Gréngewald mat 78:73. D'Musel Pikes setze sech 87:65 géint d'Meedercher vu Bartreng duerch. Diddeleng klappt d'Etzella 72:66. Hesper verléiert 63:85 géint Conter. A Walfer zitt mat 57:81 géint Steesel de Kierzeren.

FOTOGALERIE: Den Dammematch T71-Etzella vum Maya a Robert Straus.

FOTOGALERIE: Andréck vum Match T71-Etzella vum Maya a Robert Straus.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.