Lux Rollers Den Opstig ass méi komplizéiert wéi geduecht

Fir d'Lux Rollers huet d'Saison an der zweeter Däitscher Bundesliga ugefaangen. Beim Optaktmatch gouf et allerdéngs eng zolidd Néierlag.

Elo steet den zweete Match vun der Saison virun der Dier an dat dëse Samschdeg am Rehazenter. D'Lux Rollers sinn déi lescht Saison vun der Regional-Liga an déi 2. Bundesliga geklomm. Am Match géint Ulm hu se missen unerkennen, dass dat zwee Puer Schong sinn. Si hunn 26 op 80 zu Ulm verluer.

Lux Rollers - vum Simon Rich



De Co-Trainer vun de Lux-Rollers, Pol Medernach: "Den Ënnerscheed vun der Regional-Liga op 2. Bundesliga ass extrem grouss a mir sinn deem Niveau net gewuess.

Wann een an der 2. Bundesliga spillt, muss ee ee méi sophistiquéiert Rollstill hunn, wéi an der Regional-Liga. Dat bedeit awer och een héije finanziellen Aspekt. Laanscht dee sinn d'Lux-Rollers komm. Allerdéngs ass dat och mat engem Bemol verbonnen.

"Mir hätte méi neit Material gebraucht, wann et eis gelonge wär méi nei Spiller ze kréien. Dat eis net gelongen. Mir si geklomm, mir wollten eis verstäerken awer, am Géigendeel, mir hunn e ganz gudde Spiller verluer a keen dobäi gewonnen." Fir de Pol Medernach a seng Lux Rollers kéint et dëst Joer eng komplizéiert Saison ginn.

"Alles anescht wéi déi 5. oder 6. Plaz vu 6 ass wierklech net dran. Domadder géife mir awer an der 2. Bundesliga bleiwen, hätten da wuel vill geléiert, virun allem déi Jonk. Mir mussen duerno de Bilan zéien a kucken op et Sënn mécht ons ze verstäerken, op mir awer een auslännesche Spiller verflichten, deen hei och géif wunnen. Fir de Moment si mir net bereet, dee Risiko anzegoen", sou de Pol Medernach.

D'Néierlag beim Optakt vun der neier Saison géint Ulm huet wéi gedoen. E Samschdeg kënnt elo Salzburg op Lëtzebuerg. D'Éisträichescher si genee wéi d'Lux Rollers geklomm. Et misst also eppes dra si fir d'Lëtzebuerger.

"Mir hoffe mol besser ze spillen", erkläert de Pol Medernach, "Virun 3 Joer hu mir géintenee gespillt an der 2. Liga. Do hu mir 2 Mol ganz knapps gewonnen a verluer. Also et ass keng Saach vun der Onméiglechkeet."

De Match tëscht de Lux Rollers a Salzburg gëtt um Samschdeg 15.15 Auer am Reha Zenter gespillt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.