Lëtzebuerger Basketballer am AuslandVictoire fir Thomas Grün an Defaite fir Alex Laurent

An der 2. däitscher Basketball Bundesliga huet Tréier mam Thomas Grün mat 74:69 géint Nürnberg gewonnen.

Den Thomas Grün mat der Nationalequipe am Asaz.© pressphoto (Archiv)
D'Gladiator Tréier haten e schlechte Start an de Match erwëscht a loungen nom 1. Véierel mat 7:18 hannen. Duerno ass et besser gelaf an et konnt een den 2. Véierel mat 31:17 fir sech entscheeden. No der Paus ass Tréier nees agebrach a loung nom 3. Véierel mat 51:59 hannen. Dem Thomas Grün a Co. ass et an de leschte Minutten gelongen de Match nach eng Kéier ze dréien, fir um Enn mat 74:69 géint Nürnberg ze gewannen. Den Thomas Grün huet fir d'Gladiators Tréier 5 Punkte markéiert. Fir Tréier war et déi 2. Victoire um 5. Spilldag.

An Holland verléiert Den Helder mam Alex Laurent mat 78:100 géint Leiden. No den éischten zwee Véierel stoung et nach 49:49 tëscht béiden Equippen. No der Paus ass d'Equipe vum Alex Laurent awer net esou gutt aus der Kabinn komm an huet Leiden missen dovunner zéie loossen. Fir Den Helden gouf et dës Saison a 4 Matcher 4 Defaitten.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.