Basketball: Coupe de LuxembourgSparta géint T71 an der Aachtelsfinall bei den Hären

E Samschdeg den Owend war d'Auslousung vun den Aachtelsfinalle vun der Coupe de Luxembourg am Basket bei den Dammen an den Hären.

© Maya a Robert Straus

Hei den Iwwerbléck vun de Partië bei den Hären, déi den 8. an 9. November gespillt ginn:

Amicale Steesel (Titelverdeedeger) - Black Star

AB Konter - Basket Esch

BC Mess - Musel Pikes

Sparta Bartreng - T71 Diddeleng

Arantia Fiels - Zolwer

Résidence Walfer - Schieren

Mondorf - Telstar Hesper

Etzella - Gréngewald

Bei den Damme kënnt et zur Neioplo vun der Finall am Championnat tëscht de Musel Pikes an der Amicale Steesel. Gespillt gëtt hei de 15. a 16. November.

Déi weider Dueller: 

Etzella - Esch

Préizerdaul - Wolz

Gréngewald - Telstar Hesper

AB Konter - Miersch

Schieren - Résidence Walfer

Kielen - T71 Diddeleng

Fräilous: BC Mess

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.