Total League, 7. SpilldagD'Musel Pikes, Steesel a Bartreng wannen

An engem spannende Match klappen d'Miseler den Opsteiger mat 70 op 60. Steesel klappt iwwerdeems Konter an d'Sparta wënnt zu Walfer.

Häre-Basket

Racing - Musel Pikes


An enger Partie wou virun allem d'Defense am Virdergrond stoung sinn d'Miseler gutt an de Match komm a loungen am zweete Véierel  beim Stand vun 13 op 30 souguer 17 Punkten vir. De Racing huet awer net opginn an huet sech ewéi esou oft an dëser Saison zeréck an Partie gekämpft. Si goufen och belount a konnte fir d'éischte Kéier an der 26 Minutt beim Stand vun 42:41 d'Féierung iwwerhuelen. De Match war ab deem Punkt dunn och immens spannend wëll de Racing huet monter weidergespillt a louch no 30 Minutten 50 op 47 vir. D'Musel Pikes haten hiert lëscht Wuert awer nach net geschwat an hunn ee 14-4 Laf higeluercht fir 2 Minutte viru Schluss mat 61 op 54 a Féierung ze leien. Duerno hunn d'Musel Pikes de Match net méi hier ginn a gewannen um Enn mat 70 op 60.

© Serge Olmo

Konter – Steesel

Nodeems sech keng Equipe am 1. Véierel konnt ofsetzen, ass et de Gäscht vu Steesel gelongen de Match am zweete Véirel mat 29 op 14 ze dominéieren, fir an der Paus mat 50:36 vir ze leien. Konter huet alles drugesat fir am 3. Véierel nach eng Kéier erunzekommen mä de Champion Steesel huet sech net iwwerrasche a konnt no 30. Minutte eng 15-Punkten Avance behalen. Ënnert dem Impuls vum Trio Coleman-McDaniel-Melcher ass et fir Steesel och am leschte Véierel gerullt a si konnten hier Avance gutt geréieren a gewannen um Enn verdéngt mat 104 op 80.

FOTOGALERIE: Biller vum Match Conter-Amicale bei den Hären.

© Maya a Robert Straus

Walfer – Sparta

Nodeems Walfer an der éischter Halschent de Match deelweis dominéiert huet an deelweis 12 Punkte virloung, hunn si et verpasst de Sak zouzemaachen an hunn déi Bartrenger erëm zeréck an de Match gelooss. Béid Equippen si beim Stand vun 49:45 an de Vestiaire gaangen. No der Paus hunn déi Bartrenger richteg Gas ginn an louchen ganz séier 58:51 vir. Och no 30 Minutten hat d’Sparta d’Nues na vir (66:59). Brisant um Enn vum Véierel war, dass de Vincent Bailey op Walfer Säit  een zweeten onsportleche Feeler gepaff krut an doduercher den Terrain huet misse verloossen. Am 4. Véierel huet Walfer zwar nach eng Kéier probéiert de Réckstand ze verkierzen mä et sollt hinnen net méi geléngen de Match ze dréien. No 40 Minutten trennen sech béid Equippen ma Score vun 79:96.

Link: D'Resultater am Iwwerbléck

Mam Alex Laurent an dem Thomas Grün waren och zwee Lëtzebuerger am Ausland mat hiren Equippen am Asaz.
Lëtzebuerger Basketballer am Ausland

Damme-Basket
Bei den Dammen klappt Walfer d'Sparta mat 84 op 52 an Hesper verléiert Doheem mat 54 op 75 géint d'Musel Pikes. Déi éischt Néierlag fir de Champion Steesel war dann op dësem Spilldag fälleg. D'Damme vum Trainer Altmann verléieren zu Konter mat 67 op 74.



FOTOGALERIE: Biller vum Match Conter-Amicale bei den Dammen.

Nationale 2An der Nationale 2 verléiert Munnerëf ee wichtege Match am Tabellekeller géint de Black Star vu Miersch mat 80 op 91. Wichteg Punkten léisst de BC Mess zu Hesper hänken. D'Gäscht verléieren mat 65 op 75 a si lo punktgläich mat den Hesperer an der Tabell. Schieren verléiert iwwerdeems mat 65 op 88 géint de Gréngewald.
Tabellesituatioun an der Nationale 2

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.