BasketRainer Kloss a Walfer gi getrennte Weeër

De Basket vu Walfer huet um Sonndeg bekannt ginn, dass den Trainer Rainer Kloss an de Veräin an Zukunft getrennte Weeër ginn.

© Archiv Pressphoto
No der Defaite géint d'Sparta Bartreng huet de Rainer Kloss d'Decisioun geholl vu sengem Amt zeréckzetrieden. De Club huet dës Entscheedung respektéiert.

No der Demissioun vum Rainer Kloss iwwerhëlt virleefeg de Kevin Magdowski. Hien ass och Dammentrainer bei der Résidence
. Hie gëtt assistéiert vum Christophe Toussaint. Walfer sicht awer en Ersatz fir de Rainer Kloss.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.