BasketEsch setzt sech géint d'Musel Pikes duerch

Um Samschdeg stoungen nees Partie souwuel bei den Damme wéi bei den Hären um Programm.

Hären
Hiefenech gewënnt géint de Racing mat 84:76. Erausgestach bei Hiefenech huet den Jovonni Shuler mat 33 Punkten an 10 Rebounds.

Hiefenech-Racing© Guy Seyler


Dank enger gudder zweeter Halschent ka sech den T71 Diddeleng mat 102:91 géint d'Résidence vu Walfer duerchsetzen.

Am drëtte Match vum Owend ka sech de Basket Esch an engem enke Match mat 86:79 géint d'Musel Pikes behaapten.

FOTOGALERIE: Musel Pikes - Basket Esch vum Maya a Robert Straus.

Musel Pikes - Basket Esch© Shari Schenten


LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Hären am Iwwerbléck

Dammen
Den T71 Diddeleng ka sech kloer mat 90:57 géint d'Résidence Walfer duerchsetzen. Telstar Hesper verléiert och säin aachte Match an der Saison, mä dës Kéier nëmme knapps mat 62:66 géint de Gréngewald. An d'Musel Pikes klappen de Basket Esch mat 82:71.

LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Dammen am Iwwerbléck

FOTOGALERIE: Den Dammematch Pikes-Esch vum Maya a Robert Straus.

Pikes - Esch© Maya a Robert Straus


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.