Lëtzebuerger Basket- a Volleyballspiller am AuslandAlex Laurent waart weider op éischt Victoire

De Gilles Braas verléiert mat SWD Powervolleys Düren géint Alpenvolleys Haching.

An engem enke Match verléiert de Gilles Braas mat Düren 2:3 géint d'Alpenvolleys Haching. De lëschten an entscheedende Saatz ass mat 15:12 un Haching gaangen.

An der 1. däitscher Volleyball-Bundesliga huet d'Annalena Mach mat hirer Equipe Wiesbaden e Samschdeg den Owend zu Münster mat 1:3 verluer.

An Holland bleift den Alex Laurent mat senger Equipe Den Helder weider ouni Victoire.

E Samschdeg gouf et eng 69 op 86 Néierlag géint Groningen, de Lëtzebuerger huet 9 Punkte markéiert.

Bei den Damme gouf et an der däitscher Bundesliga fir d'Lëtzebuergerinne Magaly Meynadier an Anne Simon mat Saarlouis eng 74 op 65 Victoire zu Heidelberg.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.