FOTOEN: BasketSteesel gewënnt héich bei der Etzella

D'Etzella hat keng Chance géint d'Amicale Steesel a verléiert mat 30 Punkten Ënnerscheed.

© pressphoto (Archiv)
Um 8. Spilldag waren e Sonndeg nach 2 Partie bei den Hären. D'Amicale huet auswäerts der Etzella keng Chance gelooss an d'Sparta klappt Conter no enger ganz enker Partie.

Hären
Bei den Hären verléiert d'Etzella géint d'Amicale Steesel mat 71:101. Am éischte Véierel war d'Etzella nach mat 9 Punkte vir, mee an deenen aneren dräi Véierel huet Steesel dunn eescht gemaach an ass kloer dovu gezunn. Alt nees eng kéier eraus gestach huet den Shavon Coleman vun der Amicale mat 40 Punkten a 15 Rebounds.
Am zweete Match war et dogéint eng ganz spannend Partie déi mat enger 88:87 Victoire fir d'Sparta Bartreng géint Conter op en Enn gaangen ass. Dank engem ganz staarke lëschte Véierel konnt d'Sparta dee Match nach gewannen.

FOTOGALERIE: Andréck vun der Partie Etzella-Amicale vum Roland Miny

LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Hären am Iwwerbléck

Dammen
An engem ganz spannende Match ka sech schlussendlech d'Amicale Steesel mat 76:73 duerchsetzen. Nom éischte Véierel stoung et gläich mat 26:26. Nodeems d'Etzella sech am zweete Véierel konnt e Virdeel verschafen, war et am drëtte Véierel Steesel, déi nees op d'Etzella opgeschloss hunn. De leschte Véierel konnt d'Amicale da fir sech entscheeden a gewënnt dann och de Match.
Am zweete Match vum Dag war et dann eng méi däitlech Ugeleeënheet, well do ka Contern mat 88:65 gewannen. D'Gäscht waren iwwert déi ganz Partie déi besser Equipe a gewanne soumat och verdéngt.

LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Dammen am Iwwerbléck

De Weekend war den Alex Laurent dann och mat senger Equipe den Helder aus Ausland am Asaz. D'Magaly Meynadier an d'Anne Simon war mat Saarlouis an der däitscher Bundesliga am Asaz.

RTL-NEWS: Lëtzebuerger Basketballer am Ausland

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.