Coupe de Luxembourg am Basket Out fir den T71 zu Bartreng

D'Sparta Bartreng gewënnt kloer 102 - 83 an eliminéiert den T71. Steesel Walfer an d'Fiels sinn och an de Véierelsfinallen.

Zu Bartreng war d'Sparta schonn an der Paus 51 - 43 vir. Den T71 krut dee Retard net méi opgeholl. Bei der Sparta hunn 11 Spiller marquéiert.

De Robinson mat 30 an de Reese mat 28 Punkte sinn déi bescht Marqueuren. Steesel a Walfer hate géint Clibb aus der Nationale 2 keng Problemer.

D'Amicale gewënnt zu Miersch 107 - 73. Walfer klappt Schieren 103-85. D'Fiels setzt sech mat 98 - 77 géint Zolwer duerch.

Domat steet d'Arantia niewent Hesper - allebéid aus der Nationale 2 - am nächsten Tour.