BasketEtzella gewënnt géint Walfer

Bei den Hären ka sech d'Etzella mat 98:83 géint d'Residence behaapten. Bei den Damen gewënnt dn T71 Diddeleng mat 58:64 géint d'Etzella Ettelbréck.

D'Etzella war vun Ufank un déi besser Equipe a war an der Halschent mat 57:40 a Féierung. Am drëtte Véierel konnt d'Etzella d'Féierung weider ausbauen mee am leschte Véierel huet d'Residence nach eng kéier alles probéiert, konnten de Réckstand och verkierzen mee dat war ze spéit a verléieren op 15 Punkten mat 98:83.

An engem spannende Match kann sech den T71 géint d'Etzella Ettelbréck duerchsetzen. Nodeems am éischte Véierel net vill Punkte gefall sinn, konnt d'Etzella sech am zweete Véierel däitlech mat 11 Punkten ofsëtzen. An der zweeter Halschent huet den T71 awer opgedréint a konnt de Match dréinen. Mat 18:8 an 27:20 konnt den T71 den drëtte respektiv de véierte Véierel fir sech entscheeden.