DammebasketSteesel, Contern a Musel Pikes wannen

Um Samschdeg stoungen 3 Partien am Dammebasket um Programm.

D'Amicale Steesel gewënnt ganz däitlech mat 80:37 zu Hesper. Erausstiechen bei Steesel konnt d'Jasmine Joyner mat 38 Punkten a 14 Rebounds. Och Contern gewënnt kloer mat 85:64 zu Diddeleng wou d'Brittany Nicole Hodges (Contern) mat 30 Punkten a 16 Rebounds konnt iwwerzeegen. An der drëtter Partie verléiert d'Etzella mat 55:69 bei de Musel Pikes. Hei war déi bescht Scorerin d'Natalie Marie Bastian (Musel Pikes) mat 26 Punkten.

LINK: Alleguer d'Matcher vun den Dammen am Iwwerbléck

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.