BasketEtzella wënnt Krimi géint Musel Pikes, Esch klappt Sparta

Den 13. Spilldag am nationale Basketchampionnat stoung e Samschdeg um Programm.

D'Amicale Steesel wënnt um Samschdeg géint de Racing. D'Etzella klappt d'Pikes an enger ganz enker Partie. Hiefenech ouni Chance géint Walfer. Diddeleng wënnt géint Konter an de Basket Esch behaapt sech géint d'Sparta Bartreng. D'Steeseler Damme musse sech allerdéngs géint den T71 Diddeleng geschloe ginn. Den Telstar entscheet knapp Partie géint de Basket Esch fir sech.

Hären
Racing Lëtzebuerg - Amicale Steesel 78:88

D'Amicale ass mat Vollgas an d'Partie gestart a war am éischte Véierel offensiv immens staark, si konnten hei ganzer 37 Punkte markéieren, iwwerdeems hat de Racing der nëmmen 22 markéiert. Ma dat Tempo wat d'Amicale am éischte Véierel ugaangen ass, konnte si am zweete Véierel net halen an hei waren et déi Stater, déi dominéiert hunn. De Racing huet hei nëmmen 9 Punkten zougelooss an huet selwer der 25 markéiert, esou dass de Racing an der Paus mat 47 op 46 vir louch. An der zweeter Hallschent ass dem Racing awer lues a lues ëmmer méi d'Loft ausgaangen a Steesel war einfach kierperlech méi staark a ka sech esou um Enn mat 88 op 78 duerchsetzen.

Hiefenech - Residence Walfer 75:99

D'Residence hat de bessere Start erwëscht an huet am éischte Véierel virun allem offensiv ganz gutt agéiert. Hiefenech huet an der Defense net wierklech ee Mëttel fonnt, fir sech ze wieren. Am zweete Véierel war d'Lokalequipe besser am Match an huet sech gewiert fir de Réckstand aus dem éischte Véierel ze verkierzen. An der Paus stoung et 56 op 46 fir d'Gäscht vu Walfer. No der Paus ass bei den Hiefenecher awer net méi vill zesumme gelaf. Mat 23 op 5 ass dat drëtt Véierel un d'Residence gaangen, esou dass déi virum leschte Véierel eng komfortabel Avance haten. Och wann Hiefenech nach eng Kéier bëssen erukomm war, wënnt d'Residence dann awer kloer mat 99 op 75.

FOTOGALERIE: D'Fotoe vum Roland Miny op pressphoto.lu

T71 Diddeleng - AB Konter 92:77

D'Equipe vun Diddeleng ass an der éischter Hallschent déi besser Equipe gewiescht. Si hu gutt Wërf geholl a stoungen an der Defense relativ gutt, esou dass si an der Paus mat 45 op 36 am Avantage louchen. Nom Säitewiessel huet Konter dunn awer besser dogéint gehalen a konnt nees lues a lues erukommen. Am leschte véierel waren et awer erëm bal nëmmen déi Diddeleng déi mat gudden Aktiounen op sech opmierksam gemaach hunn an esou wënnt den T71 mat 92 op 77 géint Konter.
 
Basket Esch - Sparta Bartreng 79:71

Déi Escher, déi jo d'Féierung an der Tabell verluer hunn, dat no den zwou Néierlagen an de leschten zwou Partien, hunn e Samschdeg den Owend Besuch vun der Sparta Bartreng kritt. Déi Escher waren och géint d'Sparta net esou iwwerzeegt vun der eegener Spillweis, wat villäicht och dorunner läit, dass hiren Amerikaner blesséiert ass. D'Partie war an den éischten dräi Véierel komplett equilibréiert. Virum leschte Véierel stoung et 54:54 gläich.  Am leschte Véierel konnten déi Escher sech dunn awer behaapten a si gewannen um Enn mat 79 op 71.

Musel Pikes - Etzella Ettelbréck 99:100

Eng weider spannend Partie gouf et tëscht de Musel Pikes an der Ettelbrécker Etzella. Béid Equippen hu vun Ufank u gewisen, wat si offensiv u Qualitéiten hunn. Dräier op béide Säiten, och ganz staark waren den Derrick Barden op Ettelbrécker Säit a wéi een et gewinnt ass, de Jarmar Gulley op Säite vun de Pikes. An der Paus stoung et 54 op 50 fir d'Pikes, deemno eng ganz enk Affär, dat och wann een op d'Quote vun de Wërf kuckt, ware béid Equippen op enger Héicht. Et ass bis zum esou enk bliwwen, béid Equippen hu sech absolut näischt geschenkt. D'Pikes louche mat 99 op 97 am Avantage, ewéi den Derrick Barden ee Kuerf gemaach huet an nach ee Fräiworf markéiere konnt, esou dass Ettelbréck mat 100 op 99 gewënnt.

LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Hären am Iwwerbléck

Dammen
Amicale Steesel - T71 Diddeleng 57:70

D'Damme vu Steesel sinn als Favorit an dës Partie gaange, ma am éischte Véierel war et eng Partie op Aenhéicht, keng Equipe konnt sech richteg vun där anerer ofsetzen. Am 2. Véierel waren d'Damme vu Steesel een Tick méi staark ewéi d'Gäscht vun Diddeleng, déi sech virun allem an der Offensiv méi schwéier gedoen hunn.  Esou konnt d'Amicale mat 6 Punkte Virsprong an d'Paus goen. Den Diddelenger Trainer schéngt an der Paus awer déi richteg Wierder fonnt ze hunn, well déi zweet Hallschent huet de Gäscht gehéiert. Virum leschte Véierel war de Virsprong op 3 Punkte geschmolt. Am leschte Véierel sinn d'Steeseler Dammen dunn ënnergaangen. Diddeleng konnt ee 16:2-Laf realiséieren, fir dovun ze zéien. Um En wënnt den T71 mat 70 op 57, dat well si am leschte Véierel 16 Punkte méi markéiert hunn ewéi Steesel.

Telstar Hesper - Basket Esch 79:75

D'Gäscht vun Esch si besser an d'Partie gestart a konnt sech am éischte Véierel schonns ee Virsprong vun 10 Punkten erausspillen. Am zweete Véierel war et eng relativ ausgeglachen Affär, esou dass Esch an der Paus 9 Punkten am Avantage war. Am drëtte Véierel huet den Telstar dunn awer attackéiert a konnten um Enn vum drëtte Véierel esouguer mat engem Punkt a Féierung goen. D'Partie sollt bis zum Enn ganz spannend bleiwen. Um Enn wënnt den Telstar mat 79 op 75.

LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Dammen am Iwwerbléck

Basketball - de ganze Match (16.12.2017)
T71 Diddeleng - AB Contern 92:77


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.