DammebasketEtzella klappt Konter mat 80 op 76

Um Sonndeg war nach eng Partie am nationale Basket-Championnat vun den Dammen.

Hei konnten d'Damme vun der Etzella sech an enger enker Partie behaapten. Déi éischt Hallschent war ganz serréiert mat engem liichte Virdeel fir d'Ettelbrécker Etzella. Am drëtte Véierel huet ee geduecht d'Damme vu Konter hätte sech entscheedend ofgesat, well si konnt dëst Véierel mat 22 op 9 fir sech entscheeden, ma am leschte Véierel ass d'Etzella zeréck komm, si hu ganz gutt agéiert, d'Konter Damme fréi ënner Drock gesat an esou hu si 14 Punkte méi markéiert ewéi d'Gäscht a wannen deemno mat 80 op 76 géint Konter.

RTL-News: Basket: Etzella wënnt Krimi géint Musel Pikes, Esch klappt Sparta

LINK: All d'Matcher an d'Tabell vun den Dammen am Iwwerbléck

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.