Wéinst Beleidegung vum ErdoganTierkei: 4 Joer Prisong fir NBA-Star Enes Kanter gefrot

A sengem Heemechtsland kéint den NBA-Star Enes Kanter eng 4 Joer laang Prisongsstrof erwaarden, dat well hien de President Erdogan soll beleidegt hunn.

© afp
De Kanter, deen an den USA fir d'New York Knicks spillt, kritt virgeheit den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan an de soziale Medie beleidegt ze hunn.

De 25 Joer ale Basketspiller soll och dem Fethullah Gülen nostoen, dee fir de Putschversuch am Joer 2016 verantwortlech soll sinn.

Dem Kanter säin tierkesche Pass ass schonns annuléiert ginn. Zu de Virwërf seet de Kanter just: "Dat ass ee Mëllen" an iwwer d'Strof mech hie sech keng Suergen. Hie mécht sech just Gedanken iwwer seng Famill, déi nach ëmmer an der Tierkei lieft.