Wat SaachenAbriecher klaue Basket-Star Villanueva seng Toilette

De Basket-Star Charlie Villanueva krut eng béis Iwwerraschung ewéi hien e Mëttwoch heemkomm ass.

© afp
Bei him gouf agebrach, mee normal Abriecher waren dat op alle Fall net. Si hunn dem fréiere Spiller vun den Dallas Mavericks seng Toilette matgoegelooss.

De Villanueva konnt et selwer net gleewen an huet eng Foto vun der Plaz, wou eigentlech seng Toilette stoung, op Twitter gestallt.