Lëtzebuerger Sportler am AuslandThomas Grün wënnt mat Tréier

An engem ganz serréierte Match konnte sech d'Römerstrom Gladiators, mam Thomas Grün, schlussendlech mat 76:70 géint d'Crailsheim Merlins duerchsetzen.

Mat dësem gewonnene Match géint den Tabelleleader aus der Pro-A Bundesliga läit Tréier elo op der 8. Plaz an ass dem Play-Off domat erëm e Stéck méi no geréckelt.

De Lëtzebuerger konnt 4 Punkte markéieren. De Joos war mat 14 Punkten de beschte Spiller vun de Gladiators.