HärebasketWalfer a Racing setze sech duerch

Um Samschdeg goufen am Härebasket Partien an der Relegatioun gespillt.

D'Residence vu Walfer ka sech däitlech mat 92:75 géint d'Arantia Fiels duerchsetzen. Walfer huet dës Victoire an der éischter Halschent kloer gemaach. An der Paus louche si scho mat 56:25 a Féierung. Dono war et méi ausgeglach, mä d'Fiels huet einfach keen Uschloss fonnt.

An der zweeter Partie gewënnt de Racing mat 76:67 géint Contern. Nodeems Contern den éischte Véierel mat 7:20 verschenkt huet, hu se an der zweeter Halschent nach gekämpft a probéiert villäicht nach den Uschloss ze fannen, mä dëst sollt dann awer net geléngen.