HärebasketSteesel klappt de Basket Esch

Um Mëttwoch stoung den drëtte Match vun der Halleffinall tëscht Steesel an dem Basket Esch um Programm.

Nodeems déi Escher den éischte Match dach däitlech mat 80:64 fir sech entscheede konnten, waren et am zweete Match déi Steeseler déi mat 76:70 gewanne konnten. Dëst Joer ginn d'Halleffinallen fir d'éischte kéier am Best-of-5 Modus gespillt a soumat konnt um Mëttwoch nach keng Entscheedung falen.

Schonn nom éischte Véierel konnte sech déi Steeseler e grousse Virsprong erausspillen. Nodeems de Basket Esch dësen verschlof huet stoung et 23:9 fir d'Amicale. Dono hu sech déi Escher awer erkritt a konnten de Match ausgeglach gestalten. Em 1 Punkt konnten se hire Réckstand verkierzen an et ass mat engem 41:28 an d'Paus gaangen. Nodeems déi Steeseler nom drëtte Véierel nees mat 14 Punkten a Féierung waren, huet de Basket Esch am leschte Véierel nach eng kéier alles probéiert a sinn och nach eng Kéier ganz no erukomm mee déi Steeseler wannen schlussendlech ganz knapps mat 82:79 géint Esch.

© Shari Schenten


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.