De ganze Match am ReplayD'Etzella léisst de Pikes nees keng Chance a steet an der Finall

En Donneschdeg den Owend huet d'Etzella Ettelbréck d'Musel Pikes mat 119:103 geklappt a sech als éischt Ekipp fir d'Finall vum Championnat qualifizéiert.

D'Halleffinallen am Basketchampionnat ginn dëst Joer fir d'éischte Kéier am Modus Best-of-Five gespillt. D'Etzella Ettelbréck huet et fäerdegbruecht sech no 3 Matcher fir d'Finall ze qualifizéieren. An der éischter Halleffinall haten déi Ettelbrécker mat 114:95 gewonnen an der zweeter Halleffinall gouf et eng 87:64-Victoire an en Donneschdeg den Owend war een an der 3. Partie de Musel Pikes mat 119:103 iwwerleeën. 

Resumé Etzella-Pikes / Reportage Guy Seyler



Etzella léisst Pikes nees keng Chance a steet an der Finall (20.04.2018)
En Donneschdeg den Owend huet d'Etzella Ettelbréck d'Musel Pikes mat 119:103 geklappt a sech als éischt Ekipp fir d'Finall vum Championnat qualifizéiert.


Am éischte Véierel war d'Partie tëscht der Etzella Ettelbréck an de Musel Pikes ausgeglach. D’Musel Pikes haten aus deene zwou éischten Defaite geléiert. Si hunn der Etzella de Wee ënnert de Kuerf zou gemaach, an haten do de Billy Mc Nutt gutt ënner Kontroll. An esou stoung et no den éischten 10 Minutten nëmmen 29:26 fir d'Etzella. Mee d’Etzella huet duerno gewisen, datt si nach aner Alternativen hunn. Am zweete Véierel huet d'Lokalformatioun nämlech gewisen, datt een déi besser Ekipp ass. Si hunn de Ball besser an den eegene Reien dréie gelooss, waren am Rebound staark an hunn hir Schëss getraff, sou datt ee sech bis d'Paus ee Virsprong vun 13 Punkten erausspille konnt an et stoung 58:45.

Bis dohin war et eng ganz agreabel Partie. Dat sollt sech awer an der 24. Minutt änneren. Faute technique fir de Green, faute anti-sportive mat Faute technique fir de Laurent Schwartz, Faute technique fir déi Miseler Bänk, déi krut de Frank Baum opgeschriwwen a well hie schonn eng Faute technique aus der éischter Hallschent hat, gouf den Trainer vun de Pikes aus der Hal geschéckt. Alles op ee Coup, mam Resultat, datt d'Partie duerno richteg haart ginn ass.

D'Musel Pikes wollte sech nach net geschloe ginn an hu gekämpft. Der Ekipp vum Frank Baum ass et dann och gelongen, de Réckstand am drëtte Véierel ze verkierzen. Virun de leschten 10 Minutte loung een nëmmen nach mat 78:87 am Réckstand.

An de leschten 10 Minutten hunn d'Musel Pikes weider probéiert dogéint ze halen a sinn dann och 5 Minutte viru Schluss bis op 4 Punkten erukomm, ma d'Etzella huet sech dës Victoire net méi huele gelooss a gewënnt um Enn däitlech mat 119:103 a steet domadder an der Finall vum Championnat.

Am beschte getraff hu bei der Etzella: Gutenkauf 35 Punkten, Barden 25 Punkten, Mc Nutt 23 Punkten.

Am beschte getraff hu bei de Musel Pikes: Bellot-Green 31 Punkten, Gulley mat 23 Punkten, Welter mat 17 Punkten.

Den zweete Finalist steet nach net fest. Tëscht der Amicale Steesel an dem Basket Esch steet et an der Best-of-Five-Serie 2:1 fir d'Amicale. E Samschdeg den Owend um 20.30 Auer gëtt déi 4. Halleffinall tëscht béide Veräiner gespillt.

Hei nach emol de komplette Match am Replay
Basketball - de ganze Match (20.04.2018)
Etzella Ettelbréck - Musel Pikes 119:103


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.