FOTOEN: BasketEtzella gewënnt däitlech 107:71 géint Walfer, T71 wënnt och

Steesel setzt sech däitlech géint d'Kordall Steelers duerch. De Racing wënnt mat 84:70 géint d'Sparta. Ettelbréck huet géint Walfer keng Problemer.

Um Samschdeg stoung am Lëtzebuerger Basket den éischte Spilldag um Programm.

Hären:
Etzella - Walfer 107:71

D'Ettelbrécker hunn der Résidence vu Walfer vun Ufank un net vill Chance gelooss. An den éischten zwee Véierel louche si schonn däitlech mat 52:27 vir a sollte bis zum Schluss näischt méi ubrenne loossen.

D'100-Punkte goufen dann och iwwer déi lescht zwee Véierel geknackt, esou datt d'Etzella um Enn mat engem Punktenënnerscheed vu 36 Zieler gutt an déi nei Saison start.

D'Résidence Walfer kënnt bei der Etzella ënner d'Rieder (23.09.2018)
Um éischte Spilldag huet d'Résidence mat 71:107 de Kierzere géint d'Etzella gezunn.


Racing - Sparta 84:70

Um éischt Spilldag am Basket war d'Sparta op Besuch beim Racing. D'Haushären sinn hei besser an d'Partie komm a waren nom éischte Véierel mat 26:14 a Féierung.

Och duerno war de Racing déi bestëmmend Ekipp a louch an der Halschent mat 19 Punkten mat 50 op 31 fir.

Am drëtte Véierel ass d'Sparta dann erëm bësse méi no erukomm, mee de Racing ass mat engem Ecart vun 13 Punkten op d'Sparta mat 61:48 a de leschte véierel gaangen. 
 
Déi lescht 10 Minutte huet sech de Racing d'Féierung net méi huele gelooss a wënnt um Enn bëssen iwwerraschend mat 84:70 géint d'Sparta.

Beschte mann um Terrain war beim Racing de Scott Morton, deen 32 Punkte verzeechne konnt.

Fiels - Basket Esch 69:87

An der Fiels huet den HB Esch sech fréi ofgesat an louch no 5 Minutte mat 11:4 vir. Och duerno huet sech net vill un der Féierung vun Esch geännert an nom éischte Véierel stoung et domat 24:13 vir de Basket Esch.

D'Arantia aus der Fiels krut sech virun der Halbzeit net méi aus dem Réckstand gerappt, an sou stoung et an der Halbzeit 31:45.

Nodeems sech de Basket Esch am 3. Véierel weider ofsetze konnt ass et mat engem Score vun 45:68 an de leschte Véierel gaangen.

Um Enn bleift et och bei enger zimlech klorer Defaite fir d'Fiels, dëst mat engem Schlussresultat vun 69:87.

Musel Pikes - T71 Diddeleng 81:84

Diddeleng ass ganz staark an de Match komm a konnt déi éischt 6 Punkte vum Match verzeechnen.  D'Musel Pikes sinn dësem Réckstand dann och iwwert dee ganzen éischte Véierel hannendru gelaf a sou stoung et 18:22  nom éischte Véierel.

Am zweete Véierel sinn d'Musel Pikes net méi un Diddeleng erukomm och wann se den Ecart bis zur Halschent op nëmme nach 4 Punkte reduzéiere konnten an et mat engem Score vun 36:40 an d'Halbzeit gaangen ass.

No der Halschent huet den T71 Diddeleng méi opgedréint a konnt sech am drëtte Véierel mat 66:55 ofgesat.

Ugefouert vun engem gutt opgeluechten Tom Schumacher, deen 30 Punkte maache konnt, wënnt den T71 um Enn mat 84:81 géint d'Musel Pikes.

D'Musel Pikes verléieren also um Enn nach zimlech knapp mat 81:84 géint Diddeleng.

Steesel - Kordall Steelers 101:72

De Favorit vu Steesel huet doheem näischt ubrenne gelooss a louch nom éischte Véierel schonn däitlech mat 28:13 a Féierung.

D'Kordall Steelers haten net vill Chance fir géint Steesel, déi vun hiren 2 Amerikaner ugefouert goufen, unzekommen, ma si hunn et awer fäerdeg bruecht fir de Réckstand zur Halschent op 34:48 ze stabiliséieren.

Klickt Iech duerch d'Fotoe vum Match Steesel - Kordall Steelers© Maya a Robert Straus


An der 2. Halschent huet Steesel awer näischt méi ubrenne gelooss an konnt sech nom véierte Véierel däitlech mat 101:72 duerchsetzen.

Steesel hat keng Problemer géint d'Kordall Steelers (23.09.2018)
De Champion huet no 4 Véierel mat 101:72 géint den Opsteiger gewonnen. E gelongenen Optakt an d'Saison fir d'Amicale.


LINK: Resultater vum 1. Spilldag am Basket bei den Hären

Dammen:
Wolz - Basket Esch 72-76

Etzella - Walfer 84:58

FOTOGALERIE: Dammebasket Etzella - Walfer


Musel Pikes - T71 Diddeleng  66:71

Steesel - Gréngewald 80:50

D'Damme vu Steesel si mat enger Victoire an d'Saison gestart (23.09.2018)
D'Amicale huet mat 80 op 50 géint de Gréngewald gewonnen.


FOTOGALERIE: D'Fotoe vum Dammematch Amicale-Gréngewald.

Konter - Sparta 75:65

LINK:Resultater vum 1. Spilldag am Basket bei den Dammen

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.