FOTOEN - Basket: Total LeagueEsch verléiert géint Ettelbréck, Kordall Steelers klappe Musel Pikes

Victoiren och fir de Racing géint d'Résidence Walfer a fir d'Amicale Steesel géint d'Sparta Bartreng.

De Weekend war am Hären- an am Dammebasket den 2. Spilldag an der Total League.

Häre-Basket
Basket Esch - Etzella 89:96

De Basket Esch verléiert Spëtzematch géint d'Etzella (30.09.2018)
Virun den eegene Spectateuren hu sech déi Escher misse mat 89:96 géint déi Ettelbrécker geschloe ginn.


Nodeems béid Ekippe mat enger Victoire an déi nei Saison gestart sinn, huet een en ausgeglachene Match zu Esch erwaart, deen et am Ufank och ginn ass. Den éischte Véierel ass mat 19:19 op en Enn gaangen. Duerno hat de Gaascht dann awer eng staark Phas an ass hat soumat an der Hallschent e Virsprong vu 4 Punkten. Och no der Paus war d'Etzella déi besser Ekipp, ma am leschte Véierel konnte sech d'Escher zréckkämpfen a sou stoung et nom véierte Véierel 78:78. An der Verlängerung hat d'Etzella dann awer nach déi néideg Kraaft a gewënnt sou mat 89.96 géint de Basket Esch.

Basketball - de ganze Match (30.09.2018)
.


Résidence Walfer - Racing 65:74


E ganz héije Rhythmus gouf zu Walfer an der Partie tëscht der Résidence an dem Racing an der Ufanksphas gespillt. D'Résidence hat am 1. Match géint d'Etzella ee schlechten Dag erwëscht a wollt sech doheem géint Racing zeréckkafen. Dat ass hinnen och gelongen, si waren nämlech tëschenzäitlech vir. An der Paus stoung et awer 44:46 fir de Racing. Nom Téi huet de Racing d'Heft ëmmer méi an d'Hand geholl an esou konnten den Hale a Co. de Virsprong weider ausbauen. D'Schlussresultat ass zu Gonschte vum Racing mat 74:65 op en Enn gaangen.

Kordall Steelers - Musel Pikes 81:76

Zu Déifferdeng gouf et eng enk Partie tëscht de Kordall Steelers an de Musel Pikes. Béid Ekippe wollte sech näischt schenken an dat huet och de Score an der Paus mat engem ausgeglachenen 42:41 erëmgespigelt. Spannend goung et och an der 2. Hallschecht weider. Et war ganz seréiert a ronn 8 Minutte viru Schluss war de Score op 62:62 an et huet zu dësem Ament no Verlängerung geroch. Den Opsteiger wollt awer virum eegen Public eng Schëpp dropleeën an d'Punkte bei hinne behalen. Dat ass de Jonge vum Philippe Giberti dann och gelongen an esou hunn si um Enn mat 81:76 gewonnen.

T71 Diddeleng - Arantia Fiels 111:66

Am Basket huet Diddeleng de Match géint d'Fiels dominéiert (30.09.2018)
Den T71 huet um Enn mat 111:66 géint d'Fiels gewonnen.


Diddeleng war géint d'Fiels de Favorit. An der Ufanksphas hunn si d'Favoritteroll och ageholl a ware séier op e puer Punkte vir. Virun allem den Tom Schuhmacher a Vincent Sunnen kruten d'Fielser net richteg an de Grëff, esou huet et och net verwonnert, datt d'Diddelenger de Match dominéiert an de Fielser ee Kuerf nom aneren erageschoss hunn - 56:29 stoung et no den éischten zwee Véierel. Déi 2. Hallschecht ass esou weider gaangen, wéi déi 1. opgehalen huet. Sunnen a Co. ware staark an hu fir de weidere Verlaf vun der Saison Confiance getankt mat gudden Aktiounen no vir. 5 Minutte virum Enn stoung de Score op 101:60 an de Match war zu dësem Ament scho gelaf. Den T71 huet zum Schluss d'Reservespiller oplafe gelooss an d'Victoire mat 111:66 heembruecht.



Sparta Bartreng - Amicale Steesel - 60:81

Fir déi nei Saison dierft ee gespaant sinn, wéi d'Amicale déi sëllechen Ofgäng vun der leschter Saison geréiert. Dovu war e Samschdeg am Match géint Bartreng nach net vill ze gesinn. An der Hallschecht war de Gewënner vun der Coupe an dem Championnat vun der leschter Saison mat 43:20 vir. Am 3. Véierel hat d'Amicale dunn nach ee Virsprong vun 19 Punkten a konnt um Enn d'81:60-Victoire ouni gréisser Problemer mat op Steesel huelen.

LINK: Den Iwwerbléck vum Häre-Basket

Damme-Basket
Résidence Walfer - AB Contern 67:79

Sparta Bartreng - Amicale Steesel 64:82

Klickt op d'Foto ,fir op d'Fotogalerie ze kommen.© Maya a Robert Straus


T71 Diddeleng - Wolz 66:51

Basket Esch - Etzella 79:54

Am Dammebasket huet Esch géint d'Etzella gewonnen (30.09.2018)
No de 4 Véierel stoung et tëscht béiden Ekippen 79:54 fir de Basket Esch.


Gréngewald Hueschtert - Musel Pikes 73:56

Schonn e Freideg haten d'Dammen aus dem Gréngewald fir de Kont vum 2. Spilldag Musel Pikes op Besuch. Si konnten iwwerzeegend mat 73:56 gewannen.

LINK: Den Iwwerbléck vum Damme-Basket

Lux Rollers
Fir den Optakt vum Championnat an der 2. Bundesliga koumen d'Lux Rollers géint Ulm net iwwer eng 48:72-Defaite eraus.

D'Schreiwes vun de Lux Rollers:

2. Bundesliga Rollstuhlbasket

Lux Rollers verlieren mit 48-72 gegen Ulm

Am ersten Spieltag der 2. Bundesliga unterlagen die Lux Rollers am Samstag vor heimischer Kulisse den Gästen aus Ulm verdientermaßen mit 48 zu 72. Die junge Mannschaft um Trainer Wosny agierte anfangs sehr nervös und zu brav in der Verteidigung, während die Gäste den Rebound dominierten und immer wieder zu einem einfachen zweiten Versuch kamen. Bloching unterm Korb und Dorner aus der Distanz waren hellwach und treffsicher so dass Ulm schnell deutlich führte. Phasenweise verstanden es die Lux Rollers sich durch zu setzen besonders in Person von Chris Peters so dass der Rückstand nach 15’ nur 8 Punkte waren. Dennoch agierten die Gäste sehr abgezockt und kontrollierten das Spiel so dass keine Spannung aufkommen sollte und am Ende ein wohl verdienter Erfolg der Gäste mit 48 zu 72 zu Buche stand. Die enttäuschten Lux Rollers hatten mehr von sich erhofft gaben aber nicht auf, wissen dass mehr möglich und nötig sein wird. Schade dass zusätzlich aus gesundheitlichen Gründen, kurzfristig Depping und Finger ausfallen mussten.  Am kommenden Wochenende gilt es in Frankfurt den starken Skylwheelers Paroli zu bieten, besser zusammen zu spielen, in der Verteidigung manches um zu stellen um dann besser zu spielen und Erfolg zu haben. Nächstes Heimspiel ist erst am 28. Oktober gegen Salzburg .



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.