BasketAngel Aranda Saiz gëtt neien Trainer zu Hiefenech

Den Angel Aranda Saiz iwwerhëlt als Cheftrainer d'Härenekipp zu Hiefenech, nodeems de Stacey Nolan aus perséinleche Grënn de Club verlooss huet.

Den Angel Aranda ass e professionelle spuenesche Coach, deen de gréissten Deel vu senger Carrière a Spuenien geschafft huet. Hei huet hien U10 bis Seniorsekippe gecoacht an dat souwuel bei den Dammen, wéi och bei den Hären. Déi lescht Saison huet hien éischt Auslandserfarungen a Frankräich gesammelt. Hie war bis Januar Assistant Coach bei der Dammenekipp vu Perpignan Le Soler Métropole an uschléissend huet hie bis zum Schluss vun der Saison d‘Häre vum Sanary Basket Club iwwerholl. Hien huet mat dëser Ekipp de Championnat gewonnen an den Opstig an d’NM3 gepackt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.