Iwwerraschung am BasketAn der Coupe verléiert de Racing beim BC Mess

Mess hat eng Avance vun 10 Punkten a konnt dat geréieren, well um Enn stoung et 93:89 fir den Underdog géint den 1. aus der Tabell vum Championnat.

E Mëttwoch den Owend goufe jo eng Partie 1/16-Finallen am Basket bei den Hären an den Damme gespillt.

Datt de Racing verluer huet, ass déi gréissten Iwwerraschung vum Owend, ëmmerhin ass de Racing am Championnat grad d'Ekipp vun der Stonn.

Spannend war et bei Walfer géint d'Fiels. Do stoung et 90:90 no 4 Véierelen, ma dunn huet d'Arantia en 22 zu 7 realiséiert, fir um Enn 112 op 97 bei der Residence ze gewannen.

Munneref verléiert 68 op 97 géint de Kordall, Zolwer setzt sech mat 105 op 97 géint Contern duerch, Hiefenech ass Mamer mat 83 op 77 iwwerleeën a Käerjeng verléiert 79 op 96 géint Hueschtert.

An der Coupe des Dames verléiert Hiefenech mat 56 op 82 géint Bartreng, de Préizerdaul ass Schieren däitlech mat 33 op 76 ënnerleeën an de Racing klappt Kielen mat 74 op 49.

ALL d'Resultater vun den Hären.
ALL d'Resultater vun en Dammen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.