Lëtzebuerger Sportler am AuslandVictoirë fir d'Tina Welter an den Thomas Grün

Kamil Rychlicki verléiert am Volleyball mat Ravenna. Och an der däitscher Bundesliga am Basket gouf et keng Victoire fir d'Lëtzebuerger Dammen.

Um Sonndeg verléiert de Kamil Rychlicki am Volleyball mat Ravenna géint Lube Civitanova mat 0:3.

An der Basketball-Bundesliga an Däitschland verléieren d'Wohnbau Angels mam Magalie Meynadier mat 40:63 géint TK Hannover.

An Holland verléiert de Alex Laurent am Basket mat den Helder mat 46:73 géint Dorbrecht.

D'Tina Welter, déi déi lescht Saison nach fir Tréier gespillt huet, stoung fir Waiblingen déi 60 Minutten um Terrain, huet 4 Goler markéiert a 7 defensiv Passe gemaach, déi zu Goler gefouert hunn. Waiblingen steet no 6 Spilldeeg op der 6. Plaz an der Tabell.

Am Basket hunn e Samschdeg den Owend d'Gladiators Tréier ganz knapp mat 88:87 bei den Artland Dragons gewonnen. Den Thomas Grün stoung am Kader, koum awer net an den Asaz.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.