VIDEO: BasketD'Etzella iwwerrennt d'Fiels, d'Amicale klappt de Racing

An der Sonndespartie huet d'Etzella der Arantia mat 104:64 keng Chance gelooss. D'Amicale konnt well e Samschdeg de Racing mat 76:60 klappen.

© Maya a Robert Straus
Rebound
Rebound a Pit Rodenbourg am Gespréich (28.10.2018)
De Basket Magazin vun der Télé, mat Analyse vun de Matcher, Youth Corner, Portaiten a Reportagen.


Am Gespréich mam Tom Flammang war den Assistant-Coach vum Racing den Pit Rodenbourg. Hien huet net just iwwer d'Defaite vum Stater Racing géint d'Amicale geschwat, ma och de staarke Saisonsufank vu senger Ekipp gelueft.

Häre-Basket
Etzella - Arantia 104:64

Ganz däitlech Victoire fir d'Ettelbrécker Etzella géint d'Arantia aus der Fiels. Schonn no den éischten zwee Véierel war de Virsprong vum Coach Basic senge Männer net méi fir d'Fiels anzehuelen. An der Paus stoung et du 50:27 fir d'Heemekipp. De Rhythmus vun Ettelbréck goung och am drëtte Véierel weider an d'Fielser haten net méi vill entgéintzesetzen. D'Topscorer bei der Etzella waren de Mc Nutt an de Coleman mat jee 29 Punkten, ma déi zwee hunn och déi meeschte Rebounde gepackt.

Racing - Amicale Steesel 60:76


An dësem Match ass dem Racing awer net sou vill gelongen wéi an den anere Matcher vun dëser Saison a louchen séier am Réckstand. Och Steesel huet net säi beschte Basket gewisen mee hat awer keng Problemer de Match ze geréieren. An der éischter Halschent huet einfach net vill getraff a louch soumat an der Paus schonn mat 26:42 am Réckstand.

Och no der Paus ass et net anescht weider gaangen an et war weider d'Amicale déi hir Féierung weider ausgebaut hunn a relativ fréi war an dësem Match scho kloer wien als Gewënner vum Terrain geet. Dëst ass dann also déi éischt Néierlag fir de Racing an dëser Saison am Championnat an déi fält direkt zimlech héich aus.

De Pit Koster, Kaptitän bei Steesel



Racing verléiert éischte Match an dëser Saison (28.10.2018)
Géint d'Amicale vu Steesel hat de Racing net vill entgéint ze setzen a verléiert säin éischte Match däitlech mat 60:76.


Sparta Bartreng - Residence Walfer 54:76

Zu Bartreng war et an der éischter Halschent immens enk. Nodeems d'Sparta den éischte Véierel mat 16:15 fir sech entscheede konnt, waren et am 2. Véierel déi Walfer déi besse besser trëffe konnten a louchen an der Paus mat 34:31 a Féierung. An der zweeter Halschent hunn déi Walfer awer opgedréint an hunn dëse Match haaptsächlech am drëtte Véierel entscheet wou se hire Virsprong ëm 16 Punkten ausgebaut hunn. Beschte Scorer bei de Walfer war de Kevin Moura mat 28 Punkten, 4 Assists an 2 Rebounds.

Bartreng hat de Géigner ënnerschat, seet den Dean Gindt.

Den Dean Gindt



T71 Diddeleng - Kordall Steelers 104:91

Géint den Opsteiger Kordall Steelers hunn sech déi favoriséiert Diddelenger an der éischter Halschent immens schwéier gedoen a louchen an der Paus just mat 4 Punkten (48:44) a Féierung. Dëse Virsprong haten se engem gudden éischte Véierel ze verdanken well am zweete Véierel hunn d'Steelers besser gespillt a konnten hire Réckstand vun 10 op 4 Punkten verklengeren.
Och no der Paus ass et den Diddelenger net gelongen d'Steelers kloer ze dominéieren. Nodeems den T71 d'Féierung am 3. Véierel nees konnt ausbauen, hunn d'Gäscht zum Schluss hin nees Gas ginn a waren kuerz virdrun den Diddelenger e Been ze stellen. Mee déi Diddelenger konnten zum richtegen Zäitpunkt awer nees e Gang méi héich schalten a kënnen sech schlussendlech duerchsetzen.

Musel-Pikes - Basket Esch 65:78

Ganz enk war de Match tëscht de Musel-Pikes an Esch an der éischter Halschent an et war mat engem 41:41 an d'Paus gaangen. An der zweeter Halschent sinn d'Musel-Pikes awer agebrach, déi Escher sinn a Féierung gaangen a konnten dës ëmmer weider ausbauen soudass d'Spannung an dësem Match an der zweeter Halschent komplett eraus war.

Esch klappt d'Pikes mat 78:65 (28.10.2018)
Ganz enk war de Match tëscht de Musel-Pikes an Esch an der éischter Halschent, duerno gouf et méi eendeiteg.


LINK: All d'Resultater an d'Tabell vun den Hären am Iwwerbléck

Damme-Basket
Etzella - Wolz 77:66

De Gaascht aus dem Éislek hat an den Däichwisen an den éischten zwee Véierel ee Virsprong vu 6 Punkten erausgespillt. Virun allem d'Spillerinne Vass a Mullings ware bei de Gäscht vu Wolz mat 18 a 16 perséinleche Punkte staark. No der Paus hunn d'Etzella-Dammen awer opgedréint a konnte besonnesch als Kollektiv iwwerzeegen. Insgesamt hu véier Damme bei den Ettelbrécker iwwer 10 perséinlech Punkte geworf. Nom 3. Véierel war de Wëltzer Virsprong op just nach 2 Punkte geschrumpft, dat nodeems d'Etzella ëmmer besser an de Match komm ass. Dat lescht Véierel war dunn decisiv - dem Coach Dias seng Damme konnten dem Coach Vass senger Ekipp am ganzen 13 Punkten ofhuelen an um Enn mat engem Ënnerscheed vun 11 Zieler wannen.

Musel-Pikes - Basket Esch 83:73

Zimlech enk war déi éischt Halschent tëscht de Musel-Pikes an dem Basket Esch. D'Gäscht hunn sech ëmmer nees festgebass a wollten d'Musel-Pikes net fort zéie loossen. Esou ass et mat engem 41:37 fir d'Heemekipp an d'Paus gaangen. Nodeems Esch am 3. Véierel méi héich an de Réckstand gerode sinn, konnten se am lëschte Véierel nach eng kéier ophuelen mee dëst sollt awer net méi duergoen a soumat wannen d'Musel-Pikes.

AB Contern - Amicale Steesel 83:62

Contern war vun Ufank un a Féierung a konnt sech ëmmer e Virsprong vun ëm déi 8 Punkten halen mee sinn ni sou richteg fort komm. No den éischten 2 Véierelen stoung et 43:36 mam Avantage fir Contern. Schlussëndlech huet Steesel Contern awer missen däitlech zéie loossen a verléieren mat engem Réckstand vun 21 Punkten. Bescht Spillerin um Terrain war d'Kiara Kudron mat 26 Punkten a 16 Rebounds.

T71 Diddeleng - Gréngewald 71:57

Tëscht Diddeleng an dem Gréngewald kruten d'Spectateuren eng zimlech enk 1. Halschent ze gesinn mee et war den T71 deen mat enger 34:31 Féierung an d'Paus konnt goen. Nom Téi sinn déi Diddelenger awer kloer dovu gezunn a gewannen schlussëndlech souverän mat engem Virsprong vun 14 Punkten.

Sparta Bartréng - Residence Walfer 65:54

An der éischter Halschent hat d'Residence vu Walfer géint d'Sparta guer näischt entgéint ze setzen. D'Sparta hat guer keng Problemer a war an der Paus schonn mat 40:17 a Féierung. Walfer ass awer méi staark aus der Paus komm a konnt besser mathalen. Am leschte Saz hunn se dann richteg gutt spillt a konnten dëse Véierel mat 25:10 fir sech entscheeden a soumat de Réckstand a Grenzen an en Debakel verhënneren.

LINK: All d'Resultater an d'Tabell vun den Dammen am Iwwerbléck

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.