JugendbasketFLBB - Austausch mam Verband vu Baden-Württemberg

D'FLBB huet zu Housen op hiren traditionellen Austausch mam Verband vu Baden-Württemberg invitéiert.

FLBB - Austausch mam Verband vu Baden-Württemberg (04.11.2018)
D'FLBB huet zu Housen op hiren traditionellen Austausch mam Verband vu Baden-Württemberg invitéiert.
Dat, iwwerdeems d'U18-Meedercher a Lettland hiren éischten Tournoi vun der European Girls Basketball League spillen. D'U14 bei de Meedercher a bei de Jonge sollten 3 Deeg laang gutt trainéieren a géint hir däitsch Géigner Spillpraxis sammelen.

Den Austausch mat der Basket-Federatioun aus dem Baden-Württemberg um Niveau vun der U14 besteet schonn zanter Joren. Den éischten Rendezvous ass an der Allerhellegevakanz zu Housen an tëschent dem 25. an 28. Abrëll treffe sech déi 4 Ekippen zu Steinbach an Däitschland. Et ass eng "Win-Win-Kooperatioun". Déi jonk Spiller ginn an hirer Evolutioun ënnerstëtzt an kréien och Spillpraxis um internationalen Niveau. D'Nowuessspillerinnen a Spiller sinn op alle Fall motivéiert a sinn anescht ewéi vill aner Kanner an hirem Alter an der Vakanz aktiv.

Nodeems de Kontrakt mam Phil Dejvorek net méi verlängert gouf, sicht d'FLBB no engem neie Jugendtrainer. Et gesäit een awer och e grousst Engagement vun deene Coachen, déi sech aktuell fir d'Entwécklung vum Lëtzebuerger Basket beim Nowuess asetzen.

Zu Housen waren dat d'Muci Haris an de Rouven Galabov an hir Assistente Jill Bausch an Majdi Anan.
Si forméieren aus dem Grupp vun Nowuesstalenter, déi mat hire Clibb soss ëmmer géintenee spillen, eng Ekipp, déi an de nächste Jore soll zesummewuessen.

Et war en ustrengende Stage. 3 Deeg laang Trainingen a Matcher an dat géint e staarke Géigner. Mee et huet souwuel d'U14-Meedercher ewéi och d'Jongen weider no vir bruecht. An deemno war den Austausch mat Baden-Württemberg och dëst Joer erëm e Succès.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.