FOTOEN - Coupe am BasketHesper eliminéiert Fiels - Etzella, Amicale, Esch a Sparta weider

En Dënschdeg den Owend stoungen déi éischt Aachtelsfinallen an der Coupe am Basket um Programm.

An do gouf et eng Partie ganz héich Resultater:

De Black Star vu Miersch, dee mat 10 Punkten Avance an de Match gaangen ass, verléiert um Enn awer kloer an däitlech géint d'Etzella: 64:101 stoung et um Enn fir déi Ettelbrécker.

Eendeitegt Resultat och tëscht dem Käldall an der Amicale. De Käldall hat och eng Avance vun 10 Punkten an hat der um Enn 60 um Kont stoen. D'Amicale vu Steesel hat der awer 125, also eng Victoire, déi zu kengem Ament a Gefor war.

60 Punkten hat och de BBC Nitia no der Partie géint de Basket Esch um Kont. Dodran och ewell d'Avance vun 10 Punkten, ma och domat war kee Kraut gewuess géint déi Escher, déi um Enn 108 Punkten um Kont haten, also och eng kloer Saach.

Méi eng enk Geschicht gouf et awer tëscht Hesper an der Fiels. Den Telstar konnt seng Avance vun 10 Punkten nämlech geréieren a ka sech um Enn 95:86 géint d'Arantia behaapten.

D'Partie Sparta Bartreng géint d'Kordall Steelers, eenzegen Duell tëscht zwee Clibb aus der héchster Divisioun, ass 79 op 67 ausgaangen. Déi 3 éischt Véierele konnt d'Sparta nëmme ganz knapp fir sech entscheeden, den Ecart gouf dunn awer am leschte gemaach mat engem 17:10.

Domat stinn ewell an der Véierelsfinall: Ettelbréck, Steesel, Esch, Bartreng an Hesper.

LINK: Alleguerten d'Resultater am Iwwerbléck

E Mëttwoch stinn dann nach dräi weider Partien um Programm:

Hiefenech (+10) - T71 Diddeleng

BC Mess (+10) - Musel Pikes

Gréngewald Hueschtert - Zolwer

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.