Coupe am BasketHiefenech eliminéiert Diddeleng, Musel Pikes an Zolwer weider

E Mëttwoch den Owend stoungen déi 3 lescht Aachtelsfinallen an der Coupe am Basket um Programm.

An do gouf et eng Iwwerraschung zu Hiefenech, wou sech déi Hiefenecher aus der Nationale 2, déi mat enger Avance vun 10 Punkten an d'Partie gaange sinn, ganz knapp mat 103 op 102 géint den T71 Diddeleng behaapte konnten.

Wesentlech manner Dramatik an der Partie BC Mess géint Musel Pikes. D'10-Punkten-Avance vu Mess huet näischt gehollef, d'Pikes wanne kloer mat 102 op 78.

De Match Gréngewald Hueschtert géint Zolwer ass 83 op 86 ausgaangen, domat ass Zolwer also weider.

E Mëttwoch hat de Black Star vu Miersch géint d'Etzella verluer (64:101).

De Käldall war der Amicale vu Steesel 60:125 ënnerleeën.

An de BBC Nitia hat dem Basket Esch näischt entgéintzesetzen (60:108).

Méi eng enk Geschicht gouf et tëscht Hesper an der Fiels. Den Telstar konnt seng Avance vun 10 Punkten nämlech geréieren a ka sech um Enn 95:86 géint d'Arantia behaapten.

D'Partie Sparta Bartreng géint d'Kordall Steelers, eenzegen Duell tëscht zwee Clibb aus der héchster Divisioun, ass 79 op 67 ausgaangen.

FOTOGALERIE: De Match Gréngewald - Zolwer vum Ant Deister.

Domat stinn ewell an der Véierelsfinall: Ettelbréck, Steesel, Esch, Bartreng, Hesper, Hiefenech, Zolwer an d'Musel Pikes.

LINK: Alleguerten d'Resultater am Iwwerbléck

Am Dammebasket war ewell eng Partie vum 8. Spilldag an do konnt sech den T71 mat 86 op 55 bei der Résidence duerchsetzen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.