VIDEO: Basket: Total LeagueT71 Diddeleng klappt Walfer

No der 72:48-Victoire vun der Etzella géint Steesel e Samschdeg ass et am lëtzebuergesche Basketchampionnat sou spannend, wéi scho laang net méi.

E Sonndeg war nach eng Partie am Lëtzebuerger Basketchampionnat. Den T71 war zu Gaascht bei der Residence. Bei den Damme war Konter am Gréngewald zu Besuch.

E Samschdeg den Owend scho war am Häre-Basket den Optakt vum 8. Spilldag an der Total League a bei den Damme war et d'Suite vum 8. Spilldag - an der Woch hat d'Residence Walfer den T71 vun Diddeleng op Besuch. D'Lokalformatioun hat mat 55:86 de Kierzere gezunn.

LINK: Den Iwwerbléck vum Häre-Basket

LINK: Den Iwwerbléck vun der Nationale 2

LINK: Den Iwwerbléck vum Damme-Basket

Häre-Basket

Residence Walfer - T71 Diddeleng 76:95

Ganz ausgeglach goungen déi éischt zwee Véierel viru sech. Esou stoung et nom éischten Duerchgang 43:40 fir d'Gäscht. A bestiechender Form war e Sonndeg den Owend de Frank Muller, hien eleng konnt mat 24 perséinlechen Zieler iwwerzeegen.

Am 3. Véierel konnt den T71 erëm d'Heft an d'Hand huelen a sech mat 3 Punkten Ecart duerchsetzen. Am leschte Véierel ass d'Ekipp ronderëm Hill a Moura agebrach an d'Defaite vun der Heemekipp war net méi ze verhënneren.

Diddeleng huet mat der 95:76 eng gutt Operatioun gemaach an ass elo ganz no un den éischte Plaze positionéiert.

Amicale Steesel - Etzella 48:72


An der Hal Omnisports Alain Marchetti ass den Doublé-Gewënner vu Steesel op den Zweeten aus der leschter Saison vun Ettelbréck getraff. Steesel, déi no ville Verännerungen am Club kee sou richteg op der Rechnung hat, kann an der neier Saison mat enger zolitter Defense iwwerzeegen. D'Etzella kann iwwerdeems mat enger staarker Offensiv glänzen a se wollten dës och géint den Doublé- a Coupegewënner op den Parquet bréngen.

An un déi gutt Leeschtung aus de leschte Woche konnt just d'Etzella erukommen. Zwar war et am 1. Véierel nach mat engem 17:17. Duerno war d'Ofwier vun der Amicale schwaach an d'Attack vun der Etzella richteg staark, esou goung den 2. Véierel mat 23:10 fir d'Etzella aus. Philippe Gutenkauf huet am éischten Duerchgang gutt opgeworf an d'Etzella ass mat Konterattacken ëmmer nees an déi geféierlech Zon komm. D'Trefferquot bei der Amicale war iwwerdeems schlecht, si hu beispillsweis just 1 vun 12 Dräier eragemaach, just de Bob Melcher huet an Normalform opgespillt.

© Shari Schenten


D'Auer ass fir d'Paus bei 40:27 zu Gonschte fir d'Gäscht stoe bliwwen.

D'Amicale hat wierklech kee gudde Match erwëscht an et ass och am zweeten Duerchgang net besser ginn. De Gaascht aus dem Däich konnt och den 3. Véierel mat 13:11 fir sech entscheeden an am leschte Véierel war fir d'Amicale näischt méi dran.

Bei der Etzella waren de Philippe Gutenkauf an den Timothy James Coleman d'Go-to-guys - de Lëtzebuerger konnt mat 20 perséinlechen Zieler iwwerzeegen, fir den Amerikaner stoungen um Enn 21 Punkten op der Feuille de match.

Steesel kënnt doheem géint Etzella ënnert d'Rieder (11.11.2018)
E Samschdeg den Owend war am Häre-Basket de 8. Spilldag an der Total League mat der Spëtzepartie tëscht Steesel an Ettelbréck.


Sparta - Basket Esch 65:84

Am Centre Sportif Attert war et d'Explikatioun tëscht der Sparta vu Bartreng an dem Basket Esch. Am 1. Véierel war et eng ganz ausgeglache Partie: d'Sparta wollt virum eegene Public fräi opspillen a géint den direkte Konkurrent vun Esch eppes räissen. Dat war awer d'Rechnung ouni déi Escher gemaach, déi direkt am 2. Véierel op den Tempo gedréckt hunn an dëse mat 24:15 fir sech entscheede konnten.

No der Paus goung et awer erëm méi ausgeglach weider, de Basket Esch hat de Fouss méi an der Dier wéi d'Heemekipp. Am leschte Véierel sollt d'Entscheedung du falen, wéi den Hicks (32 Zieler), Rugg (16 Punkten) a Biever (9 Zieler) den Tempo gemaach hunn an hir Faarwen sou op d'Gewënnerstrooss gefouert hunn.

Kordall Steelers - Racing 93:77

Déi Déifferdenger si furiéis an dëse Match gestart. Den 1. Véierel konnte si op enger impressionnant Manéier mat 33:17 fir sech entscheeden - Racing hat virun allem mam Bivins a Pope ze kämpfen. Och den 2. Véierel war mat dem Score vun 21:10 fir d'Steelers.

Nom Téi huet Racing dunn zwar ugezunn, mee dem Phlippe Giberti seng Männer hunn näischt méi ubrenne gelooss a konnte virum Heempublic mat enger Differenz vun 16 Punkten zimlech däitlech gewannen.

Ee battere Réckschlag fir de Racing, deen dach mat gudde Leeschtungen an d'Saison gestart war.

Musel Pikes - Arantia Fiels 80:77

Musel Pikes - Arantia Fiels 80:77 (11.11.2018)
Nom Trainerwiessel bei der Arantia huet een dierfen op d'Fielsser Leeschtung am Match géint d'Pike gespaant sinn.


Gespaant huet een op d'Leeschtung vun de Fielsser dierfe sinn. Nom Trainer-Wiessel huet de Brian Carroll de Poste vum Jérôme Hansen iwwerholl. D'Arantia konnt an dëser Saison bis elo just eng Victoire realiséieren, dëst wollten si op der Musel awer änneren a mol erëm wannen.

Ma och d'Lokalekipp steet no den Erfolleger aus de leschte Joren och net terribel gutt do. Deemno gouf et vun Ufank u vill Drock fir béid Formatioun an d'Hektik huet een deenen zwou Ekippen ugesinn. An der Hallschecht war d'Lokalformatioun mat 44:40 vir, dat virun allem duerch Kierf vum Mc Conico.

Den zweeten Duerchgang war weider vu "Run and Gun" gepräägt, op Lëtzebuergesch: et ass geckeg hin an hier gaangen. Markant bloufen awer weiderhin déi miserabel Prozenter vun der Fautë-Linn bei béiden Ekippen, de Virsprong vun de Pikes huet sech awer am 3. Véierel bei 5-6 Zieler agependelt.

De Francis a Williams waren op der Säit vun der Arantia zwar staark, ma hir Performance sollt um Enn awer net duergoen, fir de Pikes nach eemol geféierlech ze ginn. Welter, Schwarz, Kox, Davis Jr. a Mc Conico hunn alle fënnef zweestelleg getraff, wat et fir d'Fielsser mat hirem neien Trainer extrem schwéier gemaach huet.

LINK: Brian Carroll neie Cheftrainer bei der Arantia Fiels

Damme-Basket
Gréngewald - AB Contern 66:69

E Sonndeg war nach ee Match am Damme-Basket um Menü. Hei krut de BBC Gréngewald et mat dem AB Konter ze dinn. An der 1. Hallschecht hunn d'Spectateuren am Centre Sportif am Sand  eng ganz ausgeglache Partie gesinn.

Ausgelach a serréiert goung och den 2. Duerchgang weider. Ma Konter sollt awer am 3. an am 4. Véierel d'Nues jee mat engem Punkt virhalen, sou datt si um Enn eng 69:66-Victoire feiere konnten. Am beschten huet d'Howard an d'Kudron getraff, mat jeeweils 25 an 19 Punkten.

Amicale Steesel - Etzella 81:82

Och bei den Damme gouf et ee Spëtzematch an och bei dësem ass d'Etzella als Gewënner ervirgaangen. D'Amicale huet nach am 1. Véierel ganz dominant opgespillt an konnt dëse mat 27:15 kloer wannen, duerno huet Ettelbréck awer duerchgeotemt an déi aner 3 Véierel fir sech entscheet.

Staark Leeschtung op der Säit vun Ettelbréck si virun allem vum Montgomery, Mitov a Petrova ze vermierken - eleng op hire Kont gounge 67 vun den 81 Punkten plus 26 Rebounden.

Amicale Steesel - Etzella 81:82 (11.11.2018)
Spannende Spëtzematch am Damme-Basket Championnat mat besserem Ausgang fir Ettelbréck.


Sparta - Basket Esch 78:85

Am 1. Véierel hat Esch d'Nues mat 2 Zieler vir, dat nämmlecht war am 2. Véierel de Fall. Esou goung et mat engem 41:37-Avantage fir de Basket Esch an d'Paus.

D'Sparta huet misse reagéieren an huet dat am 3. Véierel dunn och gemaach. Dëse konnt d'Ekipp vum Fabienne Fuger och mat 21:19 fir sech entscheeden. Am leschte Véierel huet de Gaascht awer nach eng Kéier op den Tempo gedréckt a mat engem 25:20-Run fir d'Entscheedung gesuergt.

Musel Pikes - Wolz 79:62

D'Miseler Dammen hu géint hir Kolleginne vu Wolz zu kengem Ament eppes ubrenne gelooss, och wann de 4. Véierel op de Kont vun de Wëltzer gaangen ass. 34:25 stoung et an der Paus tëscht de Pikes an den Sangliers.

Am an der zweeter Hallschecht war d'Dominanz vun de Miseler kloer ze spieren. Dëse konnten d'Pikes mat engem Ecart vun 10 Punkte fir sech entscheeden. Um Enn ass d'79:62-Victoire fir d'Miseler méi wéi verdéngt.

Residence Walfer - T71 Diddeleng 55:86

Schonn e Mëttwoch hat Walfer dem Coach Thierry Kremer seng Damme vun Diddeleng op Besuch. De Gaascht aus der Forge du Sud konnt sech däitlech géint d'Tabelleschlussliicht vu Walfer duerchsetzen. Zu kengem Ament war d'Victoire fir den T71 a Gefor, esou stoung et no den éischten zwee Véierel well 45:34 fir d'Gäscht.
No der Paus hunn d'Diddelenger Dammen - encadréiert vum Lindstrom, Sak a Winton - den Tempo nach eng Kéier ugezunn, ier si am leschte Véierel d'Féierung geréiert hunn. Verdéngte Victoire deemno fir den T71.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.